Dat sot den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz e Freideg op der Pressekonferenz virun der Nations-League-Partie e Samschdeg de Mëtteg um 15 Auer am Stade Josy Barthel géint Zypern.
D’Nations League huet fir eis e Sënn, mir wëllen am Grupp C bleiwen an net an de Grupp D falen, sou den Nationaltrainer Luc Holtz. D’Auerzäit ass ongewinnt, um 15 Auer mëttes. Dofir hu mir och déi ganz Preparatioun op 15 Auer ausgeriicht. Mir haten all Training mëttes. Dat huet och e Mëttwoch matgespillt. Mir hunn do Fokus op Zypern geluecht, Liechtenstein war e Preparatiounsmatch a mir setzen alles op de Match vun Zypern, esou nach de Luc Holtz.
Zypern huet scho Qualitéit am Ballbesëtz. Hir Matcher, déi si verluer hunn, hätten och anescht kënnen ausgoen, esou den Nationaltrainer.
Bis elo hat de Luc Holtz nach net d’Geleeënheet, fir mam Dave Turpel no sengem Autosaccident ze schwätzen. Wichteg ass, datt hien elo d’Ënnerstëtzung vu senger Famill spiert.
Mam Gilson Delgado vun der Fola huet den Nationaltrainer een defensive Mann noselektionéiert, och fir ze weisen, datt wann een am Veräin Leeschtung bréngt, een och seng Chance an der Nationalekipp ka kréien.
De Leandro Barreiro huet erkläert, datt hien op der 8 méi Fräiheeten huet wéi op der 6. Do muss een ebe méi ofsécheren. De Profi vu Mainz huet déi zwou Positiounen awer gär. Hien ënnersträicht awer och, datt ee fir e Samschdeg ze wannen, ee méi Effikass virum Gol muss ginn.
D’Partie Lëtzebuerg-Zypern kënnt Dir e Samschdeg vu 15 Auer u live op RTL suivéieren an dat hei um Radio, bei de Kolleege vun der Tëlee um RTL ZWEE an op RTL.lu.