Internationale FuttballDortmund fält iwwert den Angschtgéigner Hoffenheim

RTL Lëtzebuerg
Fir de Kont vum 17. Spilldag huet de BVB mat 1:2 zu Hoffenheim de Kierzere gezunn. D'TSG huet de Match bannent nëmmen 8 Minutte gedréint.
© AFP

E Freideg den Owend huet an der Bundesliga d’TSG Hoffenheim géint Borussia Dortmund gespillt. Donieft war et an der Serie A an Italien de Match AC Florenz géint AS Roum.

Bundesliga

TSG Hoffenheim - Borussia Dortmund 2:1

An der 17. Minutt ass Borussia Dortmund duerch de Götze, deen nom 9. November nees enger Kéier an der Startformatioun stoung, mat 1:0 a Féierung gaangen. Nom Gol huet de BVB den Tempo géint defensiv Hoffenheimer e bëssen erausgeholl an dat huet de Skov an der 26. Minutt bal bestrooft. Bei sengem Fräistouss ass de Ball allerdéngs un der Lat hänke bliwwen. Bis d’Paus war et eng ausgeglache Partie an där den Hakimi an der 34. Minutt an den Hazard an der 39. Minutt nach gutt Chancen haten, fir d’Féierung vun de Gäscht auszebauen.

An den zweete 45 Minutten huet Dortmund weider Chancë leie gelooss. Fir d’éischt duerch de Brandt an der 50. Minutt an nëmme 6 Minutte méi spéit duerch den Hakimi. De BVB huet mam Feier gespillt a sollt fir säin onpreziist Spill um Enn dann och bestrooft ginn. No enger Stonn hu sech déi Hoffenheimer fir d’éischte Kéier fir e puer Minutten am Strofraum vun de Gäscht festgesat. De BVB huet laang d’Féierung verdeedegt, ma an der 79. Minutt huet dunn den Adamjan e Lach fonnt a fir d’Lokalekipp op 1:1 gesat. Nëmmen 8 Minutte méi spéit huet de Kramaric dunn d’Partie mam Kapp gedréint, den 2:1 geschoss an domadder déi 3 Punkte fir d’TSG geséchert.

Batter fir de BVB an der Paus huet de Mats Hummels misse blesséiert ausgewiesselt ginn. No engem Kappball war hien onglécklech mat der Hand opkomm. Wéi laang hie wäert ausfale steet nach net fest.

Duerch dës Victoire kéint de Réckstand vu Borussia Dortmund de Weekend op d’Tabellespëtzt op 7 Punkte wuessen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Serie A

AC Florenz - AS Roum 1:4

Keng Problemer hat e Freideg den Owend d’AS Roum beim AC Florenz. No 90 Minutten huet een de Match kloer mat 4:1 fir sech entscheet. An der 19. an an der 21. Minutt sinn d’Gäscht duerch den Dzeko an de Kolarov mat 2:0 a Féierung gaangen. An der 34. Minutt huet de Badelj fir Florenz op 1:2 verkierzt. De Match war duerno nei lancéiert, ma Roum konnt duerch Goler vum Pellegrini a vum Zaniolo an der 73. an an der 88. Minutt dann awer souverän gewannen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Back to Top
CIM LOGO