Internationale FuttballDortmund klappt Mainz knapp, Liverpool wënnt bei Arsenal

RTL Lëtzebuerg
Nieft de leschte Matcher vun den Aachtelsfinallen an der Champions League gouf um Mëttwoch och an der Bundesliga an an der Premier League gespillt.
© AFP

Bundesliga

Mainz 05 - Borussia Dortmund 0:1
0:1 Witsel (87')

Den Nodrosmatch tëscht Mainz an Dortmund, dee wéinst Coronafäll bei de Mainzer huet misste verluecht ginn, huet Dortmund ganz knapp fir sech entscheet. Dortmund hat déi komplett 90 Minutten iwwer e bësse méi vum Match, wéi d’Heemekipp aus Mainz, bei där de Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro net am Kader stoung. Béid Ekippen haten net wierklech vill zwéngend Chancen an dësem Match, deen dunn awer kuerz viru Schluss iwwer e Fräistouss decidéiert gouf. De Reyna hat de Ball gutt an de Strofraum bruecht an hei war et de Witsel, deen dovu profitéiere konnt an an der 87. Minutt deen eenzegen an decisive Gol markéiert huet.

Mat dëser Victoire huet de BVB elo nach just 4 Punkte Retard op de Leader Bayern an 11 Punkten Avance op den Drëtte Leverkusen. Mainz läit aktuell mat 34 Punkte esouwuel wäit ewech vum internationale Geschäft, wéi och vun den Ofstigsplazen, si an Augsburg hunn awer nach ee Match manner, wéi déi aner Ekippen.

Link: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Brighton & Hove Albion - Tottenham Hotspurs
0:1 Romero (37'), 0:2 Kane (57')

Vill méi Ballbesëtz wéi d’Heemekipp hat Tottenham net, bei den Ofschlëss war et ganz änlech, just haten d’Favoritten an dësem Match eng vill méi héich Prezisioun. Vun hire 15 Schëss goungen der 6 op de Gol an zwee eran, dat an der 37. Minutt duerch de Romero an an der 57. Minutt duerch de Kane. D’Heemekipp dogéint huet et och 15 Mol probéiert, ma hei war kee Ball iwwerhaapt emol geféierlech op de Gol gaangen. Tottenham bleift mat dëser Victoire un den internationale Plazen drun, Brighton & Hove Albion bleiwe weider am Mëttelfeld vun der Tabelle.

FC Arsenal - FC Liverpool
0:1 Diogo Jota (54'), 0:2 Firmino (62')

Am Spëtzematch an der Premier League krut et de Véierten Arsenal mam Zweete Liverpool ze dinn. A Liverpool wollt direkt fréi a Féierung goen an hat sech no 3 Minutte schonn 2 Chancen erausgespillt. Béid Ekippe koume wärend dem Rescht vun dëse 45 Minutten zu weidere Golchancen, eppes Zielbares ass dobäi awer net erausgesprongen. Kuerz nom Säitewiessel huet de Sané a Liverpool kuerz gejubelt, ma de Stiermer stoung am Abseits an de Gol huet net gezielt. Den Alisson am Gol vu Liverpool huet an der 51. Minutt säi ganzt Talent gewisen no engem Schoss vum Martin Odegaard. Et stoung also weider 0:0. Dat awer just fir 3 Minutten, well den Diogo Jota konnt eng Flank vum Thiago kontrolléieren an den éischte Gol an dëser Partie markéieren. D’Gäscht sinn a Féierung gaangen. Liverpool huet weider gedréckt an den Firmino konnt no 64 Minutten op 2:0 erhéijen. Dono war et en hin an hier an no 88 Minutten hat de Martinelli d’Chance, Arsenal nees erunzebréngen, ma hien hat säi Schoss verzunn an de Ball laanscht de Gol gesat. Esou ass et bei der 2:0 Victoire fir Liverpool bliwwen, déi an der Tabelle elo nach 1 Punkt Réckstand op den Éischten Manchester City hunn. Trotz der Néierlag bleift Arsenal op der 4. Plaz, dat awer mat nach manner Matcher, wéi déi Ekippe ronderëm si.

Link: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Back to Top
CIM LOGO