Internationale FuttballDortmund verspillt géint Heidenheim 2:0-Féierung

RTL Lëtzebuerg
An Italien gouf et dräi Punkte fir den AC Mailand an a Frankräich hunn Nantes a Marseille gläichgespillt.
© AFP

An der däitscher Bundesliga war e Freideg den Owend ee Match fir de Kont vum 3. Spilldag. Borussia Dortmund huet sech fir déi zweete Kéier hannerenee mat engem Gläichspill missen zefridde ginn.

Géint den Opsteier Heidenheim ass een net iwwert een 2:2-Remis erauskomm, dat obschonn de BVB mat 2:0 a Féierung louch. An der 7. Minutt hat de Brandt op 1:0 gesat an an der 15. Minutt hat den Can vum Punkt op 2:0 erhéicht. No der Paus hat d’Lokalekipp et allerdéngs verpasst, fir den Avantage iwwert d’Zäit ze bréngen. Den Dinkci haten fir d’éischt an der 61. Minutt op 1:2 verkierzt an du war et de Kleindienst, deen an der 82. Minutt vum Punkt den 2:2 markéiert huet. Dat sollt och d’Resultat sinn. Fir Heidenheim ass et deen 1. Bundesliga-Punkt an der Veräinsgeschicht.

Den neie Stiermer vum BVB Füllkrug war an der 78. Minutt agewiesselt ginn.

Bundesliga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Frankräich

A Frankräich hunn um 4. Spilldag Nantes an Olympique Marseille géintenee gespillt. No 90 Minutte gouf et een 1:1-Remis. An der provisorescher Tabell huet Marseille d’Nues vir. Nantes war vun der 9. Minutt un an Ënnerzuel, dat no enger rouder Kaart vum Meupiyou. D’Goler hunn de Sarr an der 4. Minutt fir Marseille geschoss an de Mostafa Mohamed huet an der 39. Minutt mam 1:1 fir de Remis gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Italien

An der italieenescher Serie A huet den AC Mailand mat 2:1 bei AS Roum gewonnen. Déi decisiv Goler hunn de Giroud (9') an de Leao (48') geschoss. Milan war no Giel-Rout vum Tomori vun der 61. Minutt un an Ënnerzuel, ma déi dräi Punkte konnt een um Enn nawell mat heem huelen.

Den AC steet den Ament un der Spëtzt vun der Serie A.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Back to Top
CIM LOGO