
Den Optakt hat well am fréien Dënschdegowend Liverpool zu Salzburg an Napoli doheem géint Genk gemaach. Hei konnte sech d’Favoritten um Pabeier jeeweils behaapten a sinn och an den nächsten Tour agezunn. Iwwerdeems huet sech Napoli trotz enger Victoire vum Trainer Ancelotti getrennt. Lille, de Veräin vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Gérard Lopez, hat zu Chelsea keng Chance.
Am Toppmatch krut Inter Besuch vu Barcelona. No enger 1:0-Féierung vu Barça koumen d’Italiener kuerz virun der Paus zeréck an de Match. Um Enn goung d’Partie 2:1 fir d’Katalanen aus. Dëst Resultat huet Dortmund an d’Kaarte gespillt. De BVB huet 2:1 gewonnen a konnt sech domat fir d'1/8-Finall qualifizéieren.
Wie sech fir den nächsten Tour qualifizéiere konnt:
Inter - Barcelona 1:2
0:1 Perez (23'), 0:2 Lukaku (44'), 1:2 Fati (87')
Barcelona goung als Tabelleleader an de leschte Match vun der Champions-League-Gruppephas. Deementspriechend vill huet de katalaneschen Trainer déi éischt 11 rotéiere gelooss - notamment war de Lionel Messi guer net am Kader. Inter op der anerer Säit huet onbedéngt misse wannen, fir sécher an den nächsten Tour anzezéien.
D’Nerazzurri hu gutt an dës Partie fonnt a konnten direkt an den éischte Minutte vun der Partie de Géigner nawell ferm ënner Drock setzen. An der 23. Minutt krut Inter awer, deemno e bësse géint de Spillverlaf, den 0:1 kasséiert. Dëse Gol huet d’Ekipp vum Trainer Conté aus dem Equiliber bruecht an esou waren et d’Katalanen, déi am weidere Verlaf méi vum Match haten.
D’Italiener koumen awer zeréck a konnten ëmmer nees geféierlech virum spuenesche Gol opdauchen. Kuerz virun der Paus huet de Veräin aus der Lombardei dann och getraff, dat nodeems de Lukaku sec mat Lénks ofgezunn huet. Den Neto am Gol vu Barça hat keng Chance ze reagéieren, och well dat ronnt Lieder liicht ofgefälscht war - 1:1 no 45 spannende Minutten!
De Barça-Trainer Valverde war wuel mat der Leeschtung vu senge Jongen net zefridden. Op alle Fall huet hien nom Säitewiessel den De Jong erabruecht. A vun deem Ament un hat een d’Impressioun, datt Barcelona besser am Match wier. Den Hollänner huet Rou an de Match bruecht an d’Fiedem gezunn.
Inter ass iwwerdeems ëmmer méi midd ginn, wouvun den agewiesselte Fati op Säit vu Barça profitéiere konnt. Déi jonk Vedette gouf fräigespillt an huet mat engem stramme Schoss de Match mat sengem 2:1 entscheet. D’Italiener waren nom éischte Gol an der Champions League vun der jonker Vedette K.O. a mussen no der Wanterpaus de Wee an d’Europa League goen.
Dortmund - Slavia Prag 2:1
1:0 Sancho (10'), 1:1 Soucek (43'), 2:1 Brandt (61')
Dortmund huet am eegene Stadion géint Slavia Prag seng Hausaufgabe mat enger Victoire misse maachen, wa Schwaarzgiel nach eng lescht Chance op d'1/8-Finall wollt halen. Virun der Partie war awer och gewosst, datt Inter bei enger Victoire doheem géint Barcelona qualifizéiert wier, och wann Dortmund géif wannen - dozou koum et awer net.
De BVB huet sech deemno op sech misse konzentréieren an ass fréi duerch de Sancho a Féierung gaangen. Et huet fir d’Jonge vum Trainer Favre gutt ausgesinn. Ma fréi an enger Partie e Gol ze schéissen, heescht net automatesch de Match och ze gewannen. Kuerz virun der Paus hunn d’Tschechen nämlech ausgeglach.
Nom Säitewiessel war Dortmund also gefuerdert an huet op den Ausgläich missen äntweren - d’Äntwert koum och, dat a Persoun vum Brandt. Kuerz no der Stonn huet den Däitsche seng Faarwen aus spatzem Wénkel nees a Féierung geschoss. De BVB war deemno nees op der richteger Schinn an huet d’Féierung, an Ënnerzuel, iwwer déi lescht hallef Stonn bruecht.
Salzburg - Liverpool 0:2
0:1 Keita (57'), 0:2 Salah (59')
Mat engem duebele Coup ronderëm d’Stonn huet Liverpool d’Qualifikatioun fir d’K.O.-Phas kloer gemaach. Virum Match war gewosst, datt d’Ekipp vum Trainer Klopp an Éisträich géint ee staark opgeluechte Salzburg näischt huet dierfen ubrenne loossen. Fir den 1:0 fir d’Reds huet de Keita mat engem Käpper gesuergt, den 2:0 huet de Salah markéiert - dat aus engem onméigleche Wénkel an och nach mat sengem méi schwaache lénkse Fouss. Liverpool bleift mat dëser Victoire weider an der Kinneksklass dobäi a konnt op en Neits déi exzellent Form ënner Beweis stellen.
Napoli - Genk 4:0
1:0, 2:0, 3:0 Milik (3', 26', 38'), 4:0 Mertens (75')
Als zweet Ekipp am Grupp E ass iwwerdeems Napoli qualifizéiert. D’Italiener hunn an der 1. Hallschecht vun engem Hattrick vum Milik profitéiert, fir däitlech mat 3:0 an den Avantage ze goen. Nom Téi huet de Mertens nach een dropgesat. De Belsch konnt dat ronnt Lieder vum Punkt aus am géigneresche Filet versenken - dat mat engem Lopp.
Iwwerdeems koum an de spéiden Owesstonnen d’Nouvelle aus Italien, datt Napoli den Trainer Ancelotti erausgeheit huet. D’Leeschtung vun der Ekipp an der Serie A huet de Responsabele wuel net geschmaacht.
Lyon - Leipzig 2:2
0:1 Forsberg (9'), 0:2 Werner (33'), 1:2 Aouar (50'), 2:2 Depay (82')
RB war virun dëser Partie sécher am nächsten Tour, konnt deemno mat breeder Broscht op Lyon reesen. Do ass d’Ekipp vum Trainer Nagelsmann duerch een Eelefter vum Forsberg an den Avantage komm. War den éischte Gol vun de “Bullen” an dëser Partie scho vum Eelefmeterpunkt gefall, esou huet de Werner och vum Punkt getraff. Lyon huet an der 2. Hallschecht een anert Gesiicht misse weisen an ass schliisslech 5 Minutten no der Paus duerch e Gol zeréck an de Match komm. Ronn 8 Minutte viru Schluss ass Lyon nach den Ausgläich gelongen, wouduerch d’Fransouse sech in extremis déi 2. Plaz krope konnten.
Benfica - Zenit 3:0
1:0 Cervi (47'), Pizzi (58'), 3:0 Azmoun - Selbstgol (79')
An der portugisescher Haaptstad wollt Benfica mat enger Victoire iwwer Zenit sech um leschte Stréihallem upaken, fir dach nach an enger europäescher Kompetitioun ze iwwerwanteren. No den éischte 45 Minutte stoung et awer 0:0 gläich. Direkt nom Säitewiessel konnten d’Portugisen duerch de Cervi de Score opmaachen, kuerz virun der Stonn huet de Pizzi op Eelefter erhéicht. Benfica huet um Enn däitlech gewonnen, fir eng Plaz ënner de 16 Éischten ass et awer net duergaangen.
Chelsea - Lille 2:1
1:0 Abraham (19'), 2:0 Azpilicueta (35'), 2:1 Remy (78')
Op der Stamford Bridge war beim FC Chelsea d’Ekipp vum President Gérard Lopez op Besuch. De Losc war virun dëser Partie scho sécher eliminéiert, fir d’Blues ass et awer nach richteg ëm eppes gaangen. Si hu misse wannen, fir eng Chance op déi éischt zwou Plazen ze behalen. Dat huet och no de Goler vum Abraham an der 19. an dem Azpilucueta 10 Minutte virum Téi gutt ausgesinn. Lille konnt am 2. Duerchgang zwar nach markéieren, ma Cheslea konnt d’Féierung awer iwwer d’Zäit bréngen. D’Blues hu sech deemno als 2. fir den nächsten Tour qualifizéiert.
Ajax - Valencia 0:1
0:1 Rodrigo (24')
Den Halleffinalist vun zejoert stoung an der Partie géint Valencia mat Réck zu der Mauer. An der Johann-Cruijff-Arena zu Amsterdam huet fir d’Heemekipp näischt anescht wéi een Erfolleg géint Valencia gezielt. An der 24. Spillminutt kruten d’Jonge vum Trainer Ten Hag déi kal Dusch. E mësslongene Schossversuch vum Torres ass dem Rodrigo an d’Féiss geflunn, dësen huet de Ball just nach misse kontrolléieren a fir den 1:0 laanscht den Onana am Gol leeën.
Ajax huet an den zweete 45 Minutte missen eng Schëpp dropleeën. Dat ass der Ekipp ronderëm Tadic, Ziyech a Co. awer ni gelongen. Mat dëser Defaite bleift den Hollänner just nach déi 3. Plaz an der Tabell an domat d’Europa League am nächste Joer. Valencia ass als Gruppegewënner weider.