
Schonn am fräien Training hat sech ugekënnegt, datt den Audi R8 LMS GT3 EVO II vun Tresor Attempto Racing op der Streck vu Misano gutt funktionéiert. Zesumme mat sengem däitschen Teamkolleeg Alex Aka war den Dylan Pereira reegelméisseg an de Spëtzepositiounen ze fannen.

Déi gutt Form huet sech och an der Qualifikatioun bestätegt. Fir déi éischt Course vum Weekend ass den Duo d'Pole-Position am Gold Cup erausgefuer. Fir déi zweet Course ass eng zweet Startplaz an hirer Kategorie erausgesprongen. Bemierkenswäert, well virum Weekend krut den Audi wéinst der Balance of Performance (BoP) 20 Kilogramm Zousazgewiicht. D'BoP soll fir Chancëgläichheet suergen. Dofir kënnen Autoen, jee no Leeschtung, mat Zousazgewiicht gebremst ginn.

Eng grouss Erausfuerderung waren awer déi ënnerschiddlech Konditiounen. Déi éischt Course gouf owes am Däischteren ausgedroen, déi zweet am Dag, wat fir däitlech Temperaturënnerscheeder gesuergt huet.
An der éischter Course huet den Auto mat der Nummer 99 nom Start zwar e puer Positioune verluer, mee de Pereira an den Aka hu sech am Laf vun der Stonnecourse nees no vir gekämpft. Um Enn goung eng fënneft Plaz an d'Victoire am Gold Cup op hire Kont.
An der Course um Sonndeg huet den Alex Aka e staarke Start erwëscht a sech Tour fir Tour no vir geschafft. No engem gelongene Boxestopp ass den Dylan Pereira an de Cockpit gesprongen an huet de Virsprong bis op d'Arrivée verdeedegt.

Domat huet den Duo och déi zweet Course zu Misano am Gold Cup gewonnen. Am General war et um Sonndeg Plaz 8.
Duerch dës zwou Victoirë läit den Dylan Pereira zesumme mam Alex Aka elo mat 35 Punkten op der véierter Plaz am Gold-Cup-Klassement. Op d'Spëtzt feelen hinnen nëmmen 9 Punkten.

D'Gesamtvictoire goung bei béide Courssen un de BMW mat der Startnummer 32, dat mam Charles Weerts an dem Kelvin van der Linde.