BGL LigueÉischt Victoire fir den Opsteiger Käerjeng

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend war den Optakt vum 4. Spilldag an der héchster Divisioun vum Lëtzebuerger Futtball.
© Bob Leven

Den Opsteiger Käerjeng konnt sech e Freideg den Owend iwwert déi éischt dräi Punkten an dëser Saison freeën. D’Ekipp vum Marc Thomé huet sech auswäerts mat 1:0 géint Hueschtert duerchgesat. Den decisive Gol huet de Correia an der 33. Minutt geschoss.

Vun der 24. Minutt un huet d’Lokalekipp missen an Ënnerzuel spillen. De Moroz war wéinst enger Noutbrems mat glat Rout vum Terrain gesat ginn. Trotz Ënnerzuel huet Hueschtert vill Kampfgeescht gewisen a war ëmmer nees geféierlech, ma entweder ass een un der Käerjenger Defense oder um Frising hänke bliwwen. Käerjeng hat duerch d’Iwwerzuel an der zweeter Hallschent vill Plaz am Spill no vir, ma Fernandes a Co konnten dës net notzen, fir de Match éischter ze decidéieren.

Um Enn ka sech Käerjeng iwwert déi éischt Victoire an dëser Saison freeën. Hueschtert steet weider op der leschter Tabelleplaz mat 0 Punkten no véier Spilldeeg.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO