Enn leschter Woch war de Vernissage.
Am Fréijoer 2024 war déi éischt Expo. Elo ass d’Material vu Paräis 2024 dobäi komm, wéi och Material vu verschiddene Wanterspiller. D’Spiller vu Milano Cortina sti jo virun der Dier. D’Sportministesch Martine Hansen wollt sech d’Expo natierlech net entgoe loossen an huet sech laang d’Fotoen an déi aner Objeten ugekuckt. Haaptsächlech ware Representanten vun de Sportfederatiounen beim Vernissage present. Eng Olympionickin war op der Plaz an et koume vill Erënnerungen op.
D’Christine Majerus huet nieft den Olympeschen Participatiounen eng enorm Carrière virzeweisen mat zum Beispill 7 Titelen als bescht Sportlerin vum Joer. Déi ganz polyvalent Cyclistin huet dem Héichleeschtungssport 2024 äddi gesot.
Op der Expo ginn nieft ville Fotoen op Plakater och munch Objete gewisen, wéi zum Beispill vum Patrizia Van der Weken vu Paräis oder vum Mathieu Osch vu Pyongchang. Awer och Objeten aus der manner rezenter Zäiten vun der Lëtzebuerger Sportgeschicht. Kuerz virun de Summerspiller vu Paräis war schonn déi éischt Ausstellung gutt bei de Leit ukomm. Dat ass, wat d’Representante vum COSL sech fir dës Ausstellung wënschen; virun allem sollen déi Jonk sensibiliséiert gi sportlech aktiv ze sinn.
De Comité Olympique huet Material fir d’Expo bei sech leien, mee e groussen Deel kënnt och aus Direktioun Sportsministère. Et gëtt um Samschdeg e ganz flotten Iwwergang vun der Expo op e Genre Sportsdag op der Plaz.
No der Ausstellung an dem Sportsdag mat de Federatioune wärt déi Lëtzebuerger Sportswelt d’Daimercher drécke fir de Mathieu Osch an d’Gwyneth Ten Raa, déi Lëtzebuerg zu Milano Cortina wäerte vertrieden. Bei enger probabeler nächster Ausstellung wäerten Objete vun dëse Spiller dobäi kommen.