Affär Dan SantosMartine Hansen begréisst, dass d'FLF direkt Konsequenze gezunn huet

Pierre Jans
Den Dan Santos gouf als Trainer vun den FLF-Dammen entlooss, well hie soll onpassend Messagen u Spillerinne geschéckt hunn.
De fréieren Dammen-Nationaltrainer Dan Santos
© RTL Archhiv

D’Sportministesch Martine Hansen huet e Mëttwoch an der Chamber begréisst, dass d‘Lëtzebuerger Futtballfederatioun direkt Konsequenze gezunn hätt, an den Dan Santos als Trainer vun der Dammennationalekipp d’lescht Woch entlooss huet.

Hie kritt reprochéiert, net appropriéiert Messagen un e puer Spillerinne geschéckt ze hunn.

D’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding an d’DP-Deputéiert Mandy Minella haten no dëser Nouvelle parlamentaresch Froen un d’Ministesch gestallt, virop, wéi déi betraffe Fraen protegéiert a wéi an Zukunft Abusen am Sport solle verhënnert ginn.

Och wann de Sport zu Lëtzebuerg haut schonn op fundamentale Wäerter géif berouen, wären e puer Saachen an der Maach: Aus der Lëtzebuerger Anti-Doping-Agence géif no enger Ännerung vun de Statutten uganks Abrëll d‘ALIS entstoen, also eng Agence fir d‘Integritéit am Sport. Vun dann u géif och eng sougenannt “Safe-guarding-Ulafstell” entstoen géint all Form vun Abusen am Sport a fir Affer vun dësen. Och d‘Ethikkommissioun, déi no der Causa Gerson Rodrigues versprach gi war, géif da Realitéit ginn, esou d‘Martine Hansen.

En Donneschdeg da kriten d‘Sportfederatiounen de Kader vun der Ethik-Charta vum Sportsministère an dem COSL presentéiert. Déi soll an Zukunft och fir all d‘Veräiner gëllen. Mat enger legislativer Upassung ginn da Subsiden un Integritéitsstandarde gekoppelt, huet d‘Sportministesch erkläert.

Back to Top
CIM LOGO