
De Raphael Duarte huet en neien Challenge fonnt. Hien huet e Mëttwoch bei Red Bull Salzburg an der éischter éisträichescher Liga ënnerschriwwen a gëtt do de Co-Trainer vum Daniel Beichler. No 23 Spilldeeg steet Salzburg mat 18 Punkten op der 4. Plaz am Titel-Playoff, huet awer zanter véier Matcher net méi gewonnen an och kee Gol geschoss.
De Raphael Duarte war bis viru ronn engem Mount Co-Trainer bei Werder Bremen. No senge Statioune bei AS Nancy, SV Elversberg an dem däitschen Traditiounsveräin ass Salzburg seng véiert Statioun am Ausland.