Dir hutt gewieltEsou géingt Dir d'Rout Léiwe spille loossen

RTL Lëtzebuerg
Mir haten Iech gefrot, wéi eng 11 Dir géint Bosnien-Herzegowina opstelle géingt. Hei 2 verschidde Formatioune wéi vun Iech gewielt.

Ob elo 4-4-2 oder eng 5-4-1-Opstellung, do sidd Dir Iech net ganz sécher.

Als Golkipp sidd Dir Iech awer sécher an hutt mat 87% vun alle Stëmmen den Anthony Moris gewielt. Just beim Leandro Bareiro sidd Dir Iech méi sécher an esou ass hie vu 97% vun all de Stëmmen an déi éischt 11 gewielt ginn.

Iwwer d’Positioun vum Danel Sinani léisst sech streiden, esou ware 47% der Meenung, hie sollt am Mëttelfeld spillen, woubäi awer 54% denken, datt hie besser am Stuerm spillt.

Duerch den Ausfall vum Yvandro Borges huet ee fir eng 4-4-2-Opstellung misse méi genau kucken an hei wier et de Vincent Thill, dee mat 30% vun de Stëmmen de Sprong an Start-11 packe géing.

Am Stuerm dogéint schéngt kee Wee laanscht de Gerson Rodrigues ze féieren, egal wéi eng Opstellung een dann och spille géing, ware 75% vun de Gefroten der Meenung, datt hie vun Ufank u mat um Terrain stoe sollt.

Är Opstellung bei engem 4-4-2

Är Opstellung bei engem 5-4-1

Back to Top
CIM LOGO