
Mat dëser Trennung geet eng Era bei den Eisernen op en Enn. De Schwäizer Trainer hat d’Ekipp an der Saison 2018/2019 iwwerholl, deemools nach an der zweeter Bundesliga. Mat him op der Bänk konnt d’Unioun opsteigen an an der Bundesliga d’Resultater vu Saison zu Saison verbesseren. Den Highlight war déi véierte Plaz an der leschter Saison an domadder och d’Qualifikatioun fir d’Champions League.
Aktuell stinn déi Berliner awer op der leschter Plaz vun der Bundesliga, dat mat 6 Punkten aus 11 Matcher an néng Néierlagen um Stéck.
De Marco Grote iwwerhëlt den Interim bis op Weideres. Co-Trainerin gëtt déi 32 Joer al Marie-Louise Eta. Si gëtt domadder déi éischt Co-Trainerin an der Bundesliga-Geschicht.