BGL LigueF91 klappt Hesper, Déifferdeng bleift Tabelleleader

RTL Lëtzebuerg
De Progrès huet donieft iwwerraschend zu Käerjeng verluer. D'Jeunesse huet eng 2:0-Féierung aus der Hand ginn an 3:3 gläich géint Schëffleng gespillt.

Nodeems d’Fola um Samschdeg beim Racing gewonnen hat, stoung um Sonndeg d’Suite vum 12. Spilldag um Programm.

Am Spëtzematch gouf et en 1:0-Succès fir den F91 géint Hesper. Nodeems de Match mat vill Tempo ugefaangen hat, huet de Niveau an der 1. Hallschent genau sou séier nogelooss. De Couturier hat déi eenzeg richteg Golchance fir d’Gäscht an der 33. Minutt. D’Säite si mat engem 0:0 gewiesselt ginn. An der Suite war Hesper liicht besser, den éischte Gol sollt awer op der anerer Säit duerch den Agovic falen. D’Heemekipp stoung gutt an der Ofwier an et sollt beim knappen Erfolleg fir Diddeleng bleiwen.

Resumé F91 - Hesper
Den F91 huet sech mat 1:0 am Spëtzematch duerchgesat.

Den Tabelleleader Déifferdeng huet sech mat 2:0 géint Péiteng duerchgesat. D’Lokalekipp war no engem Feeler vum Goalkipp Barella mat 1:0 a Féierung gaangen an huet de Match duerno geréiert. Nom Säitewiessel huet de Jorginho direkt den 2:0 markéiert. Am weidere Verlaf ass näischt méi passéiert. De Favorit huet e verdéngte Succès gefeiert.

De Progrès huet iwwerraschend zu Käerjeng mat 0:2 de Kierzere gezunn. An der 1. Hallschent ass bis op de Käerjenger Gol net vill passéiert. Nom 2. Gol vum Fostier an der 48. Minutt huet de Progrès zwar alles probéiert, vill Produktives sollt no vir awer net eraussprangen. Nidderkuer huet no der Néierlag op der 4. Plaz e Retard vu 6 Punkten op de Noper Déifferdeng.

De Match Munneref géint Rouspert gouf beim Stand vun 1:1 ofgebrach well et Problemer mat der Beliichtung gouf.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Stroossen - Miersch 1:1
0:1 Bresch (33', Eelefmeter), 1:1 Perez (90')

Jeunesse - Schëffleng 3:3
1:0 Soares (21'), 2:0 Soares (28'), 2:1 Macalli (54'), 2:2 Kirch (74'), 2:3 Garos (90+3'), 3:3 Todorovic (90+6')

F91 - Hesper 1:0
1:0 E. Agovic (65')

Déifferdeng - Péiteng 2:0
1:0 Costa Monteiro (Jorginho) (6'), 2:0 Costa Monteiro (Jorginho) (47')

Munneref - Rouspert ofgebrach
1:0 Holter (5'), 1:1 Bouché (30')

Käerjeng - Progrès 2:0
1:0 Lopes (38'), 2:0 Fostier (48')

Monnerech - Wolz 1:3
0:1 Gorny (7'), 0:2 Gorny (13'), 0:3 Romeyns (86'), 1:3 Kaylesiz (87')

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO