Internationale FuttballFC Porto wënnt Spëtzematch géint Benfica, Neapel um Wee Richtung Titel

RTL Lëtzebuerg
Um Freideg den Owend ware jeeweils 3 Matcher an der portugisescher, grad ewéi och an der italieenescher Liga.
© AFP

Italien

US Salernitana konnt doheem en 1:1 géint Inter Mailand verbuchen, iwwerdeem den SSC Neapel am 29. Match vun der Saison eng 24. Victoire feiere konnt. Fir déi 2:1 Victoire géint Lecce war allerdéngs e Selbstgol vum Gallo néideg.

Am 3. Match vum Owend koum et zum Duell tëscht dem AC Mailand an dem FC Empoli. Hei si keng Goler gefall. Lazio Roum kann deemno e Samschdeg den Owend géint Juventus Turin eventuell säi Virsprong op déi zwee Veräiner aus Mailand vergréisseren.

Portugal

Am Spëtzematch verléiert Benfica Lissabon doheem mat 1:2 géint den FC Porto.

Den CS Santa Clara verléiert doheem 0:1 géint den FC Vizela.

Boavista Porto wënnt doheem mat 2:1 géint Vitoria Guimaraes.

Back to Top
CIM LOGO