Futtball WM 2026FIFA wäert elo awer a Gruppe mat véier Länner spillen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d’FIFA confirméiert, leeft d'Futtball WM 2026 an den USA, Mexiko a Kanada anescht of wéi geduecht.
© Yuki IWAMURA / AFP

Geplangt war eigentlech, datt 48 Ekippen a 16 Dräiergruppe géintenee spillen. Elo soll d’FIFA nees driwwer nodenken déi üblech Véierergruppe bäizebehalen.

Elo huet d’FIFA awer decidéiert, weiderhi bei de Véiergruppen ze bleiwen. Dëst bréngt mat sech, datt op der WM 2026 am Plaz vun 80 Matcher am Dräiergruppe-Modus 104 Partië géife gespillt ginn.

Dat ganzt Turnéier dauert dann och 40 Deeg am Plaz vun engem Mount a géif an 12 Véierergruppe gespillt ginn.

Bei der WM am Katar d’lescht Joer waren 32 Ekippe mat dobäi. Fir d’WM 2026 war d’Unzuel vun den Ekippen op 48 eropgesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO