BGL LigueFola wënnt 1:0 géint de Racing

RTL Lëtzebuerg
Den Escher Traditiounsveräin sammelt wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig a feiert seng zweet Victoire an der Saison.

BGL-Ligue - De Resumé vum Weekend (Gilles Tricca)

D’Escher Fola kann nach gewannen. D’Ekipp vum Gaalgebierg setzt sech mat 1:0 um Verluerekascht beim Racing duerch, bleift awer Tabelleleschten.

Nodeems d’Heemekipp besser an de Match komm war, huet d’Fola de Match an d’Hand geholl, doduerch hu si méi Chancë kreéiert. De Racing huet sech bis zur Paus ëmmer méi an hir Hallschent drécke gelooss. Déi Escher hate wuel méi vum Spill, mee kloer Golchancë ware keng dobäi. De Racing konnt um Schluss vun der éischter Hallschent nach eng Kéier um Escher Gol uklappen.

Am zweeten Duerchgang ware knapps zwou Minutte gespillt, do krut d’Fola en Eelefmeter zougesprach, deen de Flick verwandele konnt. An der 75. Minutt ass bei der Lokalekipp den Eren mat Giel-Rout vum Terrain geflunn, dat huet de Racing awer net dovun ofgehalen, sech an der Schlussphas nach eng Kéier virum Escher Gol ze weisen. An der Nospillzäit huet d’Fola de Flick nach mat Giel-Rout verluer, konnt den 1:0 awer iwwer d’Zäit bréngen.

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO