Op Visitt zu LëtzebuergFréiere FIFA-Arbitter Urs Meier iwwert seng Karriär an den VAR

RTL Lëtzebuerg
De fréiere FIFA-Arbitter, deen ënner anerem d'Champions-League-Finall 2002 gepaff huet, war e Mëttwoch fir e Virtrag zu Lëtzebuerg.
Fréiere FIFA-Arbitter Urs Meier am Interview
De Schwäizer Spëtzearbitter war fir eng Konferenz zu Lëtzebuerg.

Ee Liewen als Arbitter ass net einfach. Bannent Millisekonne soll een déi richteg Decisioun huelen an och mam Asaz vu Video-Hëllefsmëttelen ass esou eppes net evident.

Den VAR ass am Fussball ee vill diskutéiert Thema. Déi eng Kéier ass e fir dech, déi aner Kéier ass e géint dech. Dat huet déi Lëtzebuerger Nationalekipp an hire leschten zwee Matcher géint Bosnien-Herzegowina a géint Liechtenstein selwer materlieft.

Dacks ginn et awer och Situatiounen, an deenen déi 22 Spiller um Terrain an och déi dräi Arbittere selwer net wëssen, firwat de VAR agräift. Onverständlech, onkloer an dat laangt Waarden op Decisioune sinn e puer Kriticken, déi et um VAR ginn.

De fréiere FIFA-Arbitter Urs Meier war e Mëttwoch fir ee Virtrag zu Lëtzebuerg. Hie selwer huet och schwéier Decisiounen a senger Karriär missen huelen an ass der Meenung, datt déi Responsabel net gutt genuch forméiert ginn.

883 Matcher huet den Urs Meier tëscht 1991 an 2004 op héchstem Niveau gepaff. Notamment och d’Champions-League-Finall 2002 mat deem wonnerschéine Gol vum Zinedine Zidane. No senger Karriär gouf de fréieren Arbitter Fernseeexpert un der Säit vum Jürgen Klopp.

Zanterhier schafft den Urs Meier awer och als Riedner an hält Virträg. Seng Aarbecht änelt der Aart a Weis wéi seng Groussmamm him fréier Medezin op Zockerwierfele ginn huet.

Den Urs Meier huet awer och ënner anerem iwwert schwiereg Situatiounen aus senger Karriär geschwat. Wéi deemools no der EM 2004, wéi hien no der Partie England géint Portugal wéinst engem annuléierten englesche Gol Morddrohungen krut.

De Podcast “Drëtt Hallschent” mam Urs Meier kënnt Dir vun e Méindeg un op alle Podcast-Plattforme lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO