
RTL-Informatioune no, bleiwe just nach e puer Detailer tëscht dem 24 Joer ale Lëtzebuerger Futtballnationalspiller an dem ukraineschen Rekordchampion, dee virun zwou Saison nach bis an d’Aachtelsfinall vun der Europa League koum, ze klären. Wann alles normal leeft, misst den Transfert, dee Kiew ronn 2 Milliounen Euro soll kaschten, an den nächsten Deeg iwwert d’Bühn goen.
Nieft dem Marvin Martins bei Karpaty Lwiw, wär de Rodrigues dann deen zweeten FLF-Spiller an der Ukrain. D’Ekipp vum Nationaltrainer Luc Holtz, schéngt bei den zwou knappen an zum Deel onverdéngten 1-2 an 0-1 Defaitten an der Europameeschterschaftsqualifikatioun géint d’Ukrain e ganz positiven Androck an deem Land hannerlooss hunn.
Wéi d’Tageblatt um Mëttwoch den Owend schreift, géif de Rodrigues e Freideg de Kontrakt zu Kiew ënnerschreiwen.