
D'Karolina Muchova an d'Linda Noskova treffen an der Finall vu Wimbledon openeen. Fir d'éischt hat sech d'Muchova an engem ganz enke Match vun iwwer 2 Stonnen an 30 Minutte mat 6:2, 1:6, 7:6 (12:10) géint d'Coco Gauff aus den USA behaapt, duerno huet d'Linda Noskova hirer Landsafra et duerch ee 6:4 a 6:4 géint d'Ukrainerin Marta Kostjuk gläich gemaach.

Et ass déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt sech zu Wimbledon zwou Spillerinnen aus Tschechien an der Finall géintiwwer stinn. Den Titel am All England Club ass awer scho méi wéi eng Kéier un eng Tschechin gaangen. 2011 an 2014 huet d'Petra Kvitova gewonnen. Donieft hunn och nach d'Marketa Vondrousova, déi am Juni wéinst enger verweigerter Doppingkontroll fir véier Joer gespaart gouf, an d'Barbora Krejcikova de Grand Slam scho gewonnen.
Weder d'Muchova nach d'Noskova konnte bis ewell e Grand-Slam-Tournoi gewannen. D'Muchova stoung 2023 an der Finall vun de French Open, ma hat do awer verluer. Fir d'Noskova ass et déi éischt Finall bei engem Major.
D'Finall vun den Damme gëtt e Samschdeg um 17:00 Auer Lëtzebuerger Zäit gespillt.