De Gol am VideoGolkipp vu Stroossen trëfft a leschter Sekonn fir den 2:2-Ausgläich

Tim Hensgen
No ronn véier an hallef Joer huet erëm e Golkipp e Gol an der BGL Ligue markéiert.
Am Video: Golkipp vu Stroossen trëfft a leschter Sekonn fir den 2:2-Ausgläich
No ronn véier an hallef Joer huet erëm e Golkipp e Gol an der BGL Ligue markéiert.

95. Minutt am Gréngewald: Hueschtert ass 2:1 géint Stroosse vir. D’UNA kämpft am Kader vun enger europäescher Plaz nach ëm e Punkt. De Stroossener Golkipp Koray Özcan ass fir ee Corner mat no vir komm. De Corner gëtt geschloen an den 30 Joer ale Fransous steet am Strofraum genee richteg a knallt de Ball ënnert d’Lat. No kuerzer Bedenkzäit gëtt den Arbitter Müller de Gol. 2:2 an de Match gouf ofgepaff.

De leschte Golkipp, deem et gelonge war, e Gol an der héchster Spillklass ze schéissen, war den Ettelbrécker Michel Witte den 23. September 2020 géint d’Jeunesse Esch.

Back to Top
CIM LOGO