Internationale FuttballGuardiola géint Ancelotti: City léisst géint Everton näischt ubrennen

RTL Lëtzebuerg
An der leschter Partie vum Owend huet Arsenal mat 2:0 géint Manchester United gewonnen. Béid Goler sinn an den éischte 45 Minutte gefall.
© AFP

Owespartien an der Premier League

FC Arsenal - Manchester United 2:0
1:0 Pepe (8'), 2:0 Sokratis (42')

Ënnert dem neien Arsenal-Trainer Arteta wollten d’Gunners e Mëttwochowend géint Man United dat neit Joer gutt starten. No net emol 10 Minutten huet dëse Projet och scho gutt ausgesinn, dat wéi de Pepe op 1:0 setze konnt. Am weidere Verlaf war Arsenal déi méi aktiv Ekipp, huet flotte Futtball no vir gespillt a géint harmlos “Red Devils” an der Ofwier näischt ubrenne gelooss. Kuerz virun der Paus huet den Ex-Dortmunder Sokratis op 2:0 erhéicht. No enger 2. Hallschecht ouni weider Goler war et déi 1. Victoire fir den Neitrainer Arteta mat senge Gunners.

Manchester City - FC Everton 2:1
1:0, 2:0 Gabriel Jesus (51', 58'), 2:1 Richarlison (71')

Déi eng Kéier mat riets, déi aner mat lénks - den duebele Coup vum Gabriel Jesus tëscht der 50. a 60. Spillminutt huet d’Ekipp vum Trainer Guardiola kuerz virun der Stonn op d’Gewënnerstrooss bruecht. Everton hat awer nach eng Kéier 10 Minutten drop mam Gol vum Richarlison eppes dogéintzesetzen. D’Skyblues konnten am eegene Stadion d’Féierung vun engem Gol iwwer d’Zäit bréngen.

© AFP

Norwich City - Crystal Palace 1:1
1:0 Cantwell (4'), 1:1 Wickham (87')

D’Laterne rouge aus dem englesche Championnat ass géint Crystal Palace fréi am Match a Féierung gaangen. D’Heemekipp konnt dësen Avantage iwwer laang Zäit vun der Partie halen, krut awer an de Schlussminutten eng sauer Rechnung. D’Londoner koumen nämlech an der 87. Minutt zréck, wéi de Zaha säi Matspiller an der Mëtt fonnt huet an dësen huet just nach missen an de Ball rutschen. Zum Schluss goufen d’Punkten deemno gedeelt.

West Ham United - AFC Bournemouth 4:0
1:0, 3:0 Noble (17', 35'), 2:0 Haller (25'), 4:0 Anderson (66')

D’"Hammers” hunn an den éischte 45 Minutten fir kloer Verhältnisser am Duell géint Bournemouth gesuergt. West Ham konnt direkt dräimol markéieren an nom Téi souguer nach een dropsetzen. Mission accmomplie deemno fir d’Jonge vum Trainer David Moyes.

Mëttespartien an der Premier League

Brighton & Hove Albion - FC Chelsea 1:1
0:1 Azpilicueta (10'), 1:1 Jahanbakhsh (84')

No engem Corner vum Willian war et den Azpilicueta, deen de Ball aus kuerzer Distanz an der 10. Minutt am Gol versenkt huet. Chelsea war wuel déi iwwerleeën Ekipp, ouni awer ganz kloer Golchancë sech eraus gespillt ze hunn. Sou ass et mam 1:0 fir Chelsea an d’Paus gaangen. Nom Téi waren et virun allem de Pulisic an de Willian, déi ëmmer erëm versicht hunn, Akzenter ze setzen, ma et sollt kee Gol méi fir d’Blues falen. Am Géigendeel: Brighton huet gekämpft a sou war et an der 84. Minutt de Jahanbakhsh, dee mat engem Fallréckzeier den Ausgläich geschoss huet. Brighton hat an de Schlussminutte weider gutt Chancen, ma et sollt beim 1:1 bleiwen.

© AFP

FC Burnley - Aston Villa 1:2
0:1 Wesley (27'), 0:2 Grealish (41'), 1:2 Wood (80')

No 10 Minutten huet et am Gol vu Burnley gerabbelt, ma de Gol sollt no laangen Diskussiounen an nom agräife vum VAR net zielen. An der 27. Minutt war no enger flotter Aktioun an engem zweefachem Duebelpass de Brasilianer Wesley, deen den 1:0 fir d’Visiteure markéiert huet. Kuerz virun der Hallschent huet de Grealish de Score op 2:0 eropgeschrauft. No der Paus huet sech d’Lokalekipp eng sëlleg Corneren erausgespillt, awer et sollt kee Gol draus falen. An der 80. Minutt sollt de Wood dann awer nach de Uschlossgol fir Burnley schéissen. Den Ausgläich sollt trotz 9 Minutten Nospillzäit awer net méi falen, soudass Burnley doheem mat 1:2 géint Aston Villa de Kierzeren zitt.

FC Southampton - Tottenham Hotspur 1:0
1:0 Ings (17')

Bis déi 17. Minutt ass net all ze vill zu Southampton geschitt. Dunn ass den Ings no engem laangem Ball geféierlech am Strofraum opgedaucht, huet mat enger simpeler Kierpertäuschung den Alderweireldde stoe gelooss an de Ball an de Filet gesat. Tottenham hat duerch de Kane eng ganz gutt Chance an der 1. Hallschent, soss ass vun de Gäscht awer net vill komm. An der 74 Minutt huet de Kane wéinst enger Blessur ausgewiesselt misse ginn. Tottenham konnt näischt méi dogéintsetzen a sou ka sech Southampton no enger kämpferesch ganz gudder Leeschtung verdéngt mat 1:0 géint d’Spiller vum José Mourinho duerchsetzen.

FC Watford - Wolverhampton Wanderes 2:1
1:0 Deulofeu (30'), 2:0 Doucoure (49'), 2:1 Neto (60')

Doherty a Jiménez haten an der Ufanksphase 2 ganz gutt Chancë fir Wolverhampton, ma konnte se alle béid de Ball net laanscht de Golkipp vu Watford bréngen. An der 30. Minutt huet de Sarr den Deulofeu am Strofraum bedéngt, deen de Ball an de rietsen Eck gesat huet: 1:0 fir d’Lokalekipp. Kuerz no der Paus war et den Doucoure, deem säin ofgefälschte Schoss de Patrício am Gol vu Wolverhampton net méi paréiere konnt, an de 2:0 fir Watford schéisse konnt. Den Neto huet an der 60. Minutt wuel den Uschlossgol fir d’Gäscht geschoss, ma trotz Iwwerzuel (Rout Kaart fir de Watford Spiller Kabasele) ass et net méi duergaangen, fir den Ausgläich ze schéissen. 3 ganz wichteg Punkte fir Watford am Ofstigskampf.

Newcastle United - Leicester City 0:3
0:1 Perez (36'), 0:2 Maddison (39'), 0:3 Choudhury (87')

Leicester huet an der Ufanksphas vum Match de Ball lafe gelooss an ob de richtege Moment gewaart fir zouzeschloen. An der 36. Minutt war et dunn de Perez, deen no engem katastrophale Feelpass de Ball an de Filet gesat huet. Nëmmen 3 Minutte méi spéit war et de Maddison, deen no Virlag vum Perez de Score op 2:0 eropschrauwe konnt. Och an der 2. Hallschent war den Tabellenzweeten déi besser Ekipp, ouni awer gréisser Akzenter ze setzen. An der 87. Minutt huet de Choudhury mat engem herrlechen Distanzschoss du fir d’Schlussresultat gesuergt. Leicester ka sech verdéngt mat 3:0 zu Newcastle duerchsetzen.

© AFP

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Back to Top
CIM LOGO