Fir d'Wantersaison 2026/27Gwyneth Ten Raa, Matthieu Osch a Marie Schreiber am COSL-Elitekader

Tom Hoffmann
De Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL) huet d’Zesummesetzung vu senge Wanterkadere fir d'Saison 2026/27 offiziell bekannt ginn.
(v.l.n.r.) Gwyneth Ten Raa, Matthieu Osch a Marie Schreiber
© RTL Grafik

Am Elite-Kader stinn dräi Athleten. De Matthieu Osch (Ski Alpin) an d'Gwyneth Ten Raa (Ski Alpin) profitéiere vum olympesche Qualifikatiounsprojet fir déi nächst Wanterspiller. Och d'Marie Schreiber (Cyclocross) ass am Elite-Kader weiderhi vertrueden.

Am selwechte Communiqué huet de COSL confirméiert, datt de Jeff Bauer (Skeleton) an de Peter Murphy (Short Track), déi mat hirer aktiver Karriär opgehalen hunn, net méi Deel vum Elite-Kader sinn.

Och de Promotioun-Kader gouf presentéiert. Hei gehéieren de Joachim Keghian, d'Joyce Ten Raa an den Nikolaj Lindfors aus dem Skip Alpin dozou. Zousätzlech gouf de Lennox Papi am Cyclocross an de Promotion-Kader opgeholl.

Fannt hei dat offiziellt Schreiwes vum COSL

Back to Top
CIM LOGO