Giro d'Italia: 18. EtappPaul Magnier mat drëtter Etappevictoire

RTL Lëtzebuerg
De Fransous huet sech am Sprint behaapt.
De Paul Magnier mat de séierste Been am Sprint
De Paul Magnier mat de séierste Been am Sprint
© LUCA BETTINI/AFP

De Paul Magnier vu Soudal Quick-Step huet en Donneschdeg déi 18. Etapp vum Giro d'Italia gewonnen. Am Sprint konnt sech de Fransous no 171 Kilometer virun den Italieener Edoardo Zambanini (Bahrain-Victorious) a Jonathan Milan (Lidl-Trek ) duerchsetzen a seng 3. Victoire beim Giro feieren.

Duerch déi weider Victoire huet de Magnier e grousse Schratt a Richtung Gewënn vum Maglia Ciclamino gemaach. Déi géi Muro di Ca' di Poggio, eng 10 Kilometer virun der Arrivée, ass net duergaangen, fir d'Sprinter decisiv ze distanzéieren.
 
Am General huet sech op deenen éischte Positiounen näischt verännert. De Jonas Vingegaard bleift am Maillot Rose. Den Dän huet eng Avance vu 4 Minutten an 3 Sekonnen op den Éisträicher Felix Gall a 4 Minutten a 27 Sekonnen op den Hollänner Thymen Arensman.

D'Resultater vun der Etapp

1 Magnier Paul Soudal Quick-Step 3:46:50
2 Zambanini Edoardo Bahrain - Victorious ,,
3 Milan Jonathan Lidl - Trek ,,
4 Busatto Francesco Alpecin - Premier Tech ,,
5 Strong Corbin NSN Cycling Team ,,
6 Mihkels Madis XDS Astana Team ,,
7 Silva Guillermo Thomas EF Education - EasyPost ,,
8 Magli Filippo Bardiani CSF 7 Saber ,,
9 Løland Sakarias Koller Uno-X Mobility ,,
10 Kubiš Lukáš Unibet Rose Rockets ,,

De General

1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 70:44:04
2 Gall Felix Decathlon CMA CGM Team 4:03
3 Arensman Thymen Netcompany INEOS 4:27
4 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 5:00
5 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious 5:40
6 Gee-West Derek Lidl - Trek 7:09
7 Storer Michael Tudor Pro Cycling Team 7:14
8 Caruso Damiano Team Visma | Lease a Bike 7:57
9 Piganzoli Davide Bahrain - Victorious 8:34
10 O'Connor Ben Team Jayco AlUla 9:20

Back to Top
CIM LOGO