
E Méindeg goufen d’Trikote vun der “Mannschaft” presentéiert an d’Fans vun der däitscher Nationalekipp konnten um Site vum Trikot-Partner Adidas d’Uniforme vun hire Liiblingsspiller bestellen.
Ma net all Fan krut dat, wat hien onbedéngt wollt. Well de Kölner Defenseur Jonas Hector gouf als “Hecktor” opgelëscht. An och de Freiburger Luca Waldschmidt war mat “Waltschmidt” opgelëscht.
De Feeler ass dann och de Responsabele vum DFB a vun Adidas opgefall an esou kréien d’Fans elo en Trikot vum “Hector” oder dem “Waldschmidt”.

Soss ass den Trikot awer ouni Feeler, deen direkt opgefall wier. Klassesch am wäisse mat schwaarz-rout-gëllene Sträifen um Aarm a schwaarze Sträifen op der Broscht. Mat 129,95 Euro si se awer dogéint wierklech net geschenkt. A wuel just déi Leit, déi en Trikot mat Feeler drop bestallt an och geliwwert kréien, kéinten hoffen, datt dësen iergendwa méi Wäert kritt.