Internationale FuttballItalieenesche Champion Neapel geheit Trainer Rudi Garcia eraus

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Saison ass Neapel no 33 Joer endlech nees italieenesche Champion ginn - dëst Joer leeft et bei wäitem net esou gutt.
© AFP

Dowéinst huet Neapel sech och elo vum Trainer Rudi Garcia getrennt. De Fransous hat den Trainerposten eréischt de 15. Juni iwwerholl, nodeems de Luciano Spalletti Neapel verlooss hat, fir déi italieenesch Nationalekipp ze trainéieren.

An der Serie A steet den amtéierende Champion no 12 Spilldeeg an nëmme 6 Victoirë just op der 4. Tabelleplaz. Dat 10 Punkten hannert dem Leader Inter Mailand.

Mam Walter Mazzarri soll elo een ale Bekannten Neapel nees an déi richteg Spuer bréngen. Den 62 Joer alen Italiener war schonns tëscht 2009 an 2013 Trainer bei Neapel.

Back to Top
CIM LOGO