Giro d'Italia: 17. EtappDän Valgren wënnt d'Etapp, Dän Vingegaard bleift a Rosa

RTL Lëtzebuerg
Op der 17. Etapp gouf et eng dänesch Victoire duerch de Michael Valgren, dee sech e Kilometer viru Schluss aus dem Spëtzegrupp konnt ofsetzen.
De Michael Valgren freet sech iwwert seng Etappevictoire
De Michael Valgren freet sech iwwert seng Etappevictoire
© LUCA BETTINI/AFP

Iwwer 202 Kilometer goung et e Mëttwoch vu Cassano d'Adda op Andalo. Mat enger Avance vun dräi Sekonne konnt sech de Michael Valgren um Enn virum Norweger Andreas Leknessund duerchsetzen, déi drëtt Plaz war op 6 Sekonne fir den Italieener Damiano Caruso.

De Jonas Vingegaard hat op der Arrivée 5 Minutten a 15 Sekonne Retard, wat op de General awer keng Auswierkungen huet. Den Dän behält de rosa Trikot vum Leader an hannert him hunn d'Ecarten net geännert.

Resultat 17. Etapp

1 - Valgren Michael EF Education - EasyPost 4:41:33
2 - Leknessund Andreas Uno-X Mobility 0:03
3 - Caruso Damiano Bahrain - Victorious 0:06
4 - Vlasov Aleksandr Red Bull - BORA - hansgrohe
5 - Rubio Einer Movistar Team
6 - Arrieta Igor UAE Team Emirates - XRG 0:14
7 - Garofoli Gianmarco Soudal Quick-Step 0:52
8 - de la Cruz David Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team 1:08
9 - Narváez Jhonatan UAE Team Emirates - XRG 1:44
10 - Donovan Mark Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team

Generalklassement

1 - Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 66:57:14
2 - Gall Felix Decathlon CMA CGM Team 4:03
3 - Arensman Thymen Netcompany INEOS 4:27
4 - Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 5:00
5 - Eulálio Afonso Bahrain - Victorious 5:40

Back to Top
CIM LOGO