
Déi 16. Etapp vum Tour d'Italie huet an der Schwäiz iwwer 116 Kilometer vu Bellinzona op d'Schistatioun Carì gefouert, wou d'Arrivée op 1.644 Meter iwwert dem Mieresspigel louch. De Jonas Vingegaard konnt sech duerchsetzen op deem Bierg vun der éischter Kategorie duerchsetzen a vergréissert domat seng Avance am General op méi wéi 4 Minutten. Am General mécht de Felix Gall eng Plaz gutt an ass elo neien Zweeten, nodeems den Afonso Eulalio vill Zäit verluer huet. Och den Thymen Arensman an den Jai Hindley konnten de Portugis hannert sech loossen, deen en Dënschdeg den 11. ginn ass.

Bis virun déi lescht Schwieregkeet vum Dag waren dräi Mann an enger Echappée gewiescht. Den Giulio Ciccone, den Einer Rubio an de Chris Harper goufen awer ronn 10 Kilometer viru Schluss vum Peloton agefaangen. Eng dräi Kilometer méi spéit war et dunn d'Attack vum Vingegaard, déi kee vu senge Konkurrente paréiere konnt.
1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 2:57:40
2 Gall Felix Decathlon CMA CGM Team 1:09
3 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 1:11
4 Arensman Thymen Netcompany INEOS 1:14
5 Gee-West Derek Lidl - Trek 1:18
6 Piganzoli Davide Team Visma | Lease a Bike 1:34
7 Bernal Egan Netcompany INEOS 2:04
8 Storer Michael Tudor Pro Cycling Team 2:18
9 Rondel Mathys Tudor Pro Cycling Team 2:55
10 Poels Wout Unibet Rose Rockets 3:04
1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 62:10:26
2 Gall Felix Decathlon CMA CGM Team 4:03
3 Arensman Thymen Netcompany INEOS 4:27
4 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 5:00
5 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious 5:40
6 Gee-West Derek Lidl - Trek 7:09
7 Storer Michael Tudor Pro Cycling Team 7:14
8 Piganzoli Davide Team Visma | Lease a Bike 7:57
9 O'Connor Ben Team Jayco AlUla 9:20
10 Bernal Egan Netcompany INEOS 9:44