Et ass ee vun den ustrengendste Marathone vun der Welt. Bal 1.500 Leefer a Leeferinnen aus méi wéi 50 Länner sinn an Nordchina mat un den Depart gaangen. D‘Streck verleeft iwwert en Deel vun der chineesescher Mauer. Ëmmerhin ass déi iwwer 21.000 Kilometer laang a si gehéiert haut zum Weltkulturierwen.
Wien hei mat un den Depart geet, dee stellt sech an op ganz vill Trapen, déi deels ferm biergop ginn. 5.000 Träppleken, keen een wéi deen aneren, geet et erop an erof. Et ass eng extreem Erausfuerderung, ma gläichzäiteg och eng eenzegaarteg Erfarung. Vill Spectateure sinn sech eens. Et ass brutal, mee wonnerschéin.
De Marathon verleeft op der historeschen chineesescher Mauer mat enger impressionanter Vue iwwer Däll an Dierfer. An anescht wéi bei engem normale Marathon ass et hei ganz normal dotëscht och mol kuerz Loft ze huelen an eebe grad déi spektakulär Vue ze genéissen.
Zanter 1999 gëtt et dës Sportevent. An zanterdeem huet et sech zu enger international bekannter Course gemausert. Bei der éischter Editioun sinn deemools 350 Leit matgelaf, hautdesdaags huet déi Zuel sech vervéierfacht. Et ass déi Mëschung aus kierperlecher Grenzerfarung an eemoleger Kulisse, déi et ausmécht.
Wann een de ganze Marathon awer wollt si loossen, da konnt een och den Hallefmarathon matlafen oder et gouf en 8 Kilometer "Just for Fun"-Laf. A laanscht d'Streck stoungen ëmmer nees Awunner vun den Dierfer ronderëm, fir d‘Leefer ze motivéieren. E Marathon, dee Sport mat joerhonnertelaanger Geschicht verbënnt.