
De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.
Jeunesse Esch - US Munneref 2:1
1:0 Monteiro (11'), 2:0 Voilis (40'), 2:1 Tomas (48')
No gudden 10 Minutten ass et der Jeunesse gelongen duerch e Selbstgol a Féierung ze goen. De Voilis huet de Ball vun der rietser Säit mat vill Kraaft an d’Mëtt bruecht, wou de Monteiro dann onglécklech an de Ball gerutscht ass a sou den eegene Gol getraff huet. An den nächste Minutten huet d’Lokalekipp weider de Match bestëmmt a Munneref huet et wann da mat laange Bäll no vir probéiert. 5 Minutte virun der Paus huet d ‘Ekipp vun Esch sech da mat engem zweete Gol belount. De Voilis stoung op der richteger Plaz an huet mat engem stramme Schoss op 2:0 erhéicht. Mat dëser verdéngter Féierung ass et dann och an d’Paus gaangen.
Nom Säitewiessel hunn déi ronn 600 Spectateuren op der Grenz net all ze laang missten op e Gol waarden. An der 48. Minutt huet e Jeunesser Spiller de Ball no engem Fräistouss onglécklech op de Kapp krut an domat fir Munneref duerch e Selbstgol op 1:2 verkierzt. Mat der Zäit huet d’Jeunesse de Match ëmmer méi aus der Hand ginn a sou ass Munneref ëmmer méi zum Zuch komm. Bis zum Schluss sollt de Gol zum Ausgläich awer net méi geléngen a sou wënnt d’Ekipp vun der Grenz mat 2:1.