Giro d'Italia: 21. EtappJonas Vingegaard wënnt fir eng éischte Kéier de Giro d'Italia

RTL Lëtzebuerg
Déi 21. an domat leschten Etappevictoire geet am Sprint un de Jonathan Milan.
Team Visma Lease a Bike Danish rider Jonas Vingegaard wearing the overall leader's pink jersey cycles past the Altare della Patria - Vittoriano monument at Piazza Venezia, during the 21th stage of the Giro d'Italia 2026 - Tour of Italy cycling race of 131km from Rome to Rome, Italy, on May 31, 2026.
De Jonas Vingegaard op de leschte Kilometer op de Stroossen zu Roum.
© AFP

Déi leschten an 21. Etapp iwwer 131 Kilometer gouf vum Jonathan Milan (Lidl-Trek) zu Roum gewonnen. Laang Zäit war e klenge Grupp vun 3 Léit mat enner anerem de Jasper Stuyven an Filippo Ganna un der Spetzt. 3 Kilometer virun der Arrivée goufen sie awer vum Peleton geschléckt an d'Entscheedung ass am Sprint gefall. Hannert dem Milan klasséiere sech de Giovanni Lonardi an de Paul Penhoet.

Direkt bei senger éischter Participatioun ass de Jonas Vingegaard senger grousser Favoritteroll gerecht ginn, a séchert sech mat der Schlussvictoire bei der 109. Editioun beim Giro d'Italia de faméisen "Triple". Domat ass den dänesche Coureur eréischt den aachte Coureur iwwerhaapt, deem eng Victoire an den dräi grousse Courssen Tour de France, Vuelta an Giro geléngt. Vun 21 Etappen konnt den Dän vun der Ekipp Visma - Lease a Bike der ganzer 5 fir sech entscheeden, wat seng Dominanz bei dësem Tour ënnersträicht.

Zu Roum mat um Podium stinn den zweetplacéierten Felix Gall vum Team Decathlon CMA CGM (+5:22) an de Red Bull - Bora-Hansgrohe Coureur Jai Hindley (6:35), sengersäits Schlussgewënner vum Giro d'Italia am Joer 2022.

De grénge Maillot vum beschte Sprinter ass fir de Paul Magnier. De Rouden Triko vum beschte Grimpeur gewënnt de Giulio Ciccone.

Am Juli beim Tour de France wäert et dann zum groussen Duell tëscht dem Jonas Vingegaard a sengem Rival Tadej Pogacar kommen.

Klassement vun der Etapp

1 Milan Jonathan 3:05:50
2 Lonardi Giovanni 0:00
3 Penhoet Paul 0:00
4 Groenewegen Dylan 0:00
5 Mihkels Madis 0:00
6 Plowright Jensen 0:00
7 Andresen Tobias Lund 0:00
8 Strong Corbin 0:00
9 Aerts Toon 0:00
10 Mozzato Luca 0:00

De General

1 Vingegaard Jonas 83:22:51
2 Gall Felix 5:22
3 Hindley Jai 6:25
4 Arensman Thymen 7:02
5 Gee-West Derek 7:56
6 Eulalio Afonso 9:39
7 Storer Michael 10:13
8 Piganzoli Davide 10:52
9 Caruso Damiano 11:24
10 Bernal Egan 12:54

Back to Top
CIM LOGO