Et war den zweetleschten Dag vun der Europameeschterschaft zu Budapest an Ungarn an do war um Samschdeg just ee Lëtzebuerger am Asaz. De Julien Henx koum no 50 Meter Crawl no enger Zäit vun 23,33 Sekonnen op déi 53. Plaz ënner 69 Schwëmmer.