
E Freideg den Owend war am däitsche Futtball den Optakt vun der neier Saison an der 2. Bundesliga. Fir den 1. FC Kaiserslautern gouf et no der véier Joer laanger Abstinenz mat engem 2:1 géint Hannover de perfekte Retour.
Den “Oldie” Mike Wunderlich hat déi Rout Däiwelen an der 11. Minutt a Féierung bruecht. An der 80. Minutt hat den Havard Nielsen den Ausgläich fir Hannover markéiert. Duerch e Last-Minute-Gol vum Kevin Kraus der 2. Minutt vun der Nospillzäit huet den 1. FCK déi dräi Punkten um Enn verdéngt um Betzenberg gehalen. Déi 90 Minutten iwwer war d’Ekipp vum Dirk Schuster déi besser Ekipp um Terrain.