BundesligaKane-Show bei 4:0-Victoire vu Bayern zu Dortmund

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Rekordmeeschter huet fir den Out am DFB-Pokal ënner der Woch Revanche geholl. Mainz geléngt e wichtege Befreiungsschlag am Ofstigskampf.

Den FC Bayern München huet sech de Frust vun der Néierlag an der Coupe zu Saarbrécken vun der Séil geschoss an Dortmund mat 4:0 deklasséiert. Den däitsche Rekordmeeschter war schonn no véier Minutten no engem Eckball a Féierung gaangen a konnt an der 9. Minutt nach een dropsetzen. Dortmund huet laang gebraucht, fir sech vun deem duebele Schock ze erhuelen, hat awer och seng Chancen am éischten Duerchgang.

Am Ufank vun der zweeter Hallschent hu béid Ekippen hir Chancë gesicht an Dortmund war dem 2:1 méi no wéi München dem 3:0. No enger wonnerbarer Pass vum Musiala konnt de Kane an der 72. Minutt säin zweete Gol markéieren, woumat de Match quasi gelaf war. De BVB hat nach eng Kéier d’Chance ze verkierzen, mee de Kane huet de Ball an der Nospillzäit nach eng Kéier am Filet ënnerbruecht. Bayern München distanzéiert Dortmund mat dëser klorer Victoire an der Tabell op fënnef Punkten a läit weiderhin zwee Punkten hanner Leverkusen op Plaz 2.

Den Trainerwiessel ënner der Woch huet zu Mainz anscheinend nei Kräfte fräigesat. Mainz klappt den Tabellefënnefte Leipzig mat 2:0. An enger zéier éischter Hallschent huet sech Mainz virun allem op d’Defense konzentréiert, Leipzig ass net vill agefall. Nom Säitewiessel huet bis zur 76. Minutt gedauert, bis Mainz seng kämpferesch Leeschtung mat zwee séiere Goler hannertenee vum Lee a vum Barreiro belount huet. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller konnt domat déi éischt Victoire vun der Saison feieren a sech mat elo 6 Punkten op déi 17. Plaz verbesseren.

Leverkusen bleift nom 3:2 zu Hoffenheim weider Tabellenéischten. D’Werkself louch an der Paus verdéngt vir, well si méi aus hire Chancë gemaach huet. Hoffenheim war net vill méi schlecht, mee mat manner klore Golgeleeënheeten. Der Lokalekipp ass mat zwee séiere Goler no der Paus zeréck an de Match komm an hat souguer d’Méiglechkeet, op 3:2 ze erhéijen. Dat huet kuerz drop awer Leverkusen gemaach. Hoffenheim huet sech bis zum Schluss beméit, den Ausgläich ze markéieren, wat hinnen awer net méi gelénge sollt.

Opgrond vun der Effektivitéit gewënnt Frankfurt 3:0 bei Union Berlin a verschäerft d’Kris bei de Köpenicker weider. Schonn an der 2. Minutt hat de Marmoush d’Eintracht a Féierung geschoss an huet an der 14. Minutt nach en zweete Gol dropgesat. Berlin huet sech awer net opginn, mee hat kee Gléck virum Gol. Am zweeten Duerchgang hat de Ball de Wee an de Filet vu Frankfurt fonnt, mee de Gol huet wéinst Handspill am Virfeld net gezielt. An der Schlussphas vum Match huet Frankfurt mam 3:0 alles kloer gemaach.

Freiburg a Gladbach trenne sech no enger spannender Schlussphas 3:3. Den Höler hat de Sportclub fréi a Féierung bruecht, mee Gladbach konnt bis zur Paus op 3:1 stellen, ënner anerem duerch en Eelefmeter vum Weigl, obwuel d’Fohlen net onbedéngt spillbestëmmend waren. An der zweeter Hallschent huet et laang gedauert, bis de Match nees lancéiert war. Nom 2:3 ass Freiburg ëmmer nees ugerannt, fir nach den Ausgläich ze schéissen. Trotz ville Chancen huet et dofir en Eelefmeter an der Nospillzäit gebraucht, deen de Grifo verwandele konnt.

Köln sammelt beim 1:1 géint Augsburg ee Punkt, belount sech awer net fir eng gutt Performance. Den Effzeh war fréi a Féierung gaangen, déi Augsburg kuerz drop awer nees egaliséiere konnt. Bis zur Paus huet sech Köln weider gutt Golchancen erausgespillt, déi hiert Zil awer net fonnt hunn. Sou sollt et och an enger monterer zweeter Hallschent weidergoen, an där béid Ekippen awer kee Kapital aus hire Chancë schloe konnten.

E Freideg konntBochum duerch den 2:1 bei Darmstadt déi éischt Victoire an dëser Saison feieren an an der Tabell laanscht d’Ekipp aus Hessen zéien.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO