Ersat vum Oliver KahnKarl-Heinz Rummenigge leet elo scho säi Posten als Bayern-Chef néier

RTL Lëtzebuerg
Ufanks gouf gesot, hie géif Enn 2021 säi Posten ofginn, ma wéi et ausgesäit, géif dat awer elo scho passéieren.
© Robert Michael / POOL / AFP

De Rummenigge zitt also éischter wéi erwaart e Schlussstréch ënnert seng Karriär. Wéi d’Bild en Dënschdeg mellt, géif de Vertrag vum Bayern-Chef elo schonn den 30. Juni an net wéi geplangt Enn dës Joers opgeléist ginn.
Ersat gëtt hien duerch de fréiere Golkipp Oliver Kahn, deen also elo schonn an net eréischt den 1. Januar 2022 de Posten iwwerhëlt. De Karl-Heinz Rummenigge selwer hätt proposéiert, de Poste fréizäiteg fräizemaachen, fir dass d’Saison net an zwee gedeelt ass. Schonn d’Verhandlunge mam neien Trainer Julian Nagelsmann huet de Kahn iwwerholl.

1991 ass de Rummenige (65) zum Vizepresident vum FC Bayern gewielt ginn. Zënter der Ëmwandlung an eng AG am Joer 2002 ass hie Chef vum Veräin. Ënnert anerem ass him mam Club zweemol den Triple gelongen, eemol am Joer 2013 an eemol am Joer 2020.

Back to Top
CIM LOGO