Kritik vu Xavier BettelKataresche WM-Ambassadeur bezeechent Homosexualitéit als "geeschtege Schued"

RTL Lëtzebuerg
D'Aussoe vum kataresche WM-Ambassadeur a fréiere Futtballnationalspiller Khalid Salman iwwer Homosexualitéit hu fir en Eclat gesuergt.
© AFP (Archiv)

Dëst nëmme kuerz virum Optakt vun der Futtballweltmeeschterschaft am Wüstestaat. An engem Interview am Kader vun enger ZDF-Dokumentatioun, soll hien Homosexualitéit als “geeschtege Schued” bezeechent hunn.

“Wärend der WM wäerte vill Saachen hei an d’Land kommen. Looss eis zum Beispill iwwer Schwuler schwätzen”, sou de Salman. “Dat Wichtegst ass dach: Jidderee wäert akzeptéieren, datt si heihinner kommen. Mä si wäerten eis Reegelen akzeptéiere mussen”.

Weider huet hien Homosexualitéit als verbuede bezeechent a betount, et wier ee “geeschtege Schued”. Wéi et vum ZDF heescht, soll e Pressespriecher vum WM-Organisatiounskommitee doropshin den Interview ofgebrach hunn.

De Katar steet als Organisateur vun der Futtballweltmeeschterschaft schonn zanter laangem wéinst der Mënscherechtssituatioun an der Kritik. Homosexualitéit ass am Land strofbar.

E Mëttwoch de Moien huet de Lëtzebuerger Premier d’Aussoe vum kataresche WM-Ambassadeur iwwer Homosexualitéit kritiséiert. De Xavier Bettel hofft, datt d’Organisateure vun der Weltmeeschterschaft d’Aussoen net ënnerstëtzt.

Back to Top
CIM LOGO