
England - Italien 0:0
Am Klassiker gouf de Spectateuren zu Wolverhampton eng flott 1. Hallschent ouni Goler gewisen. No 9 Minutten huet den Donnarumma e Schoss vum Mount un d’Lat gelenkt. England hat weider méi Spillundeeler, d’Italieener haten awer grouss Chancen. An der 25. Minutt huet de Ramsdale staark géint den Tonali paréiert. 3 Minutte virun der Paus huet de Scamacca de Ball aus kuerzer Distanz iwwert de Gol geschoss. Nom Säitewiessel war England besser mee de Sterling huet direkt zwou Chancen net am Gol ënnerbruecht. D’Partie war net méi sou intensiv wéi an der 1. Hallschent an et sollt bis zum Schluss kee Gol méi falen.
Ungarn - Däitschland 1:1
1:0 Nagy (6'), 1:1 Hofmann (9')
Zu Budapest war et d’Heemekipp déi besser an de Match gestart ass. An der 7. Minutt huet de Nagy de Ball aus kuerzer Distanz an de Gol geschoss. D’Reaktioun vun Däitschland huet awer net laang op sech waarde gelooss. No enger flotter Pass vum Schlotterbeck huet den Hofmann de Ball matgeholl an den Ausgläich markéiert. An der Suite haten d’Gäscht méi vum Match, Ungarn ass awer no Konteraktioune ëmmer erëm geféierlech virun den däitsche Gol komm. No der Paus ass de Match verflaacht, eréischt 20 Minutte viru Schluss ass Däitschland erwächt. Den Hofmann hätt an der 72. Minutt misse seng Faarwe a Féierung schéissen, mee hien huet virum Gol gepasst amplaz ze schéissen. Dono hat awer och Ungarn d’Méiglechkeet fir de Match fir sech ze entscheeden. Et sollt bis zum Schluss beim 1:1 bleiwen.
Holland - Polen 2:2
0:1 Cash (18'), 0:2 Zielinski (50'), 1:2 Klaasen (52'), 2:2 Dumfries (56')
D’Hollänner hunn de Match gutt ugefaangen an haten an den éischte Minutte méi vum Match. Op der anerer Säit sinn d’Polen aus dem Näischt a Féierung gaangen. De Cash huet de Blind ausgedanzt a mat engem secke Schoss an den laangen Eck geschoss. D’Pole stounge stabil an der Defense an hu quasi keng Chancen zougelooss. Vun den Hollänner koum an där Phas ze wéineg. No der Paus ass et Schlag op Schlag gaangen. D’Gäscht hunn duerch den Zielinski op 2:0 erhéicht. D’Hollänner hunn duerch Klaasen an Dumfries innerhalb vu 4 Minutten ausgeglach. Si hu weider geféierlech no vir gespillt, kruten de Ball einfach net an de Gol eran. Den Depay hat eng sëlleg Chancen an huet och nach en Eelefmeter op de Potto gesat. Pole konnt mat dem Punkt méi wéi zefridde sinn.
Wales - Belsch 1:1
0:1 Tielemans (51'), 1:1 Johnson (87')
An der éischter Hallschent gouf et kaum Héichpunkten. De Ball louch fir Wales no 5 Minutten am Filet, wéinst engem Feeler vum Davies um Boyata huet de VAR de Gol awer net gëlle gelooss. D’Gäscht koume virum Säitewiessel nëmmen duerch den De Bruyne zu enger Golchance. D’Belsch ass gutt aus de Kabinne komm an ass an der 51. Minutt duerch den Tielemans a Féierung gaangen. D’Belsch hunn et verpasst, fir d’Entscheedung ze suergen. Op der anerer Säit huet den Johnson kuerz viru Schluss ausgeglach. Et war de Schlusspunkt an enger Partie, an där et net vill Golchancen fir béid Ekippe gouf.
Ukrain - Armenien 3:0
1:0 Malinovsky (61'), 2:0 Karavaev (77'), 3:0 Mykolenko (84')
Irland - Schottland 3:0
1:0 Browne (20'), 2:0 Parrott (28'), 3:0 Obafemi (51')
Montenegro - Bosnien Herzegowina 1:1
0:1 Menalo (62'), 1:1 Marusic (77')
Rumänien - Finnland 1:0
1:0 Bancu (30')