Europa LeagueKloer Néierlag fir Saint-Gilloise, Toulouse schockt Liverpool

RTL Lëtzebuerg
Leverkusen huet sech dann am Grupp H scho sécher fir déi nächst Ronn qualifizéiert a West Ham a Freiburg hunn et am Grupp A selwer an der Hand.

Et sollt net den idealen Dag fir Liverpool bei Toulouse ginn. No 31 Minutten huet d’Heemekipp konnten d’Féierung feieren, nodeem den Donnum markéiere konnt. No bal enger Stonn huet den Dallinga dunn nach op 2:0 fir Toulouse erhéicht, éier an der 74. Minutt den éischte Gol fir Liverpool gefall war. Hei war et awer kee Liverpoolspiller, deem de Gol opgeschriwwe gouf, mä dem Casseres, deen de Ball esou deviéiert huet, datt säi Golkipp keng Chance méi hat. D’Trauer vun Toulouse iwwert dëse Gol huet sech awer a Grenze gehalen, well et huet keng zwou Minutte gedauert, éier de Magri den alen Ecart vun zwee Goler nees hiergestallt hat. De Gol vum Diogo Jota zum 2:3 aus Siicht vun den Englänner an der 89. Minutt war dann nach just Kosmetik.

An der anerer Partie vun dëser Grupp war de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Moris mat der Union Saint-Gilloise bei Linz am Asaz. Et sollt net deen einfachsten Dag fir de Lëtzebuerger am Déngscht vun der belscher Ekipp ginn, well de Moris huet dräi Mol missten hannert sech gräifen. Eng Kéier no engem Eelefmeter vum Horvath an der 25. Minutt, eng weider Kéier an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent no engem Schoss vum Talovierov a schlussendlech an der 77. Minutt géint de Zulj. Selwer hunn d’Belsch kee Gol konnte markéieren.

Trotz der Néierlag bleift Liverpool nom véierte Spilldag un der Spëtzt vun der Grupp E, dat mat 9 Punkten. Dohannert kënnt Toulouse mat 7 Punkten, d’Union Saint-Gilloise mat 4 an den LASK mat 3.

Leverkusen steet no der 1:0-Victoire géint Qarabag an der véierter Victoire aus dem véierte Match sécher an der KO-Phas. D’Ekipp aus dem Aserbaidschan huet awer och nach gutt Kaarten an der Grupp H, well si hunn aktuell sechs Punkten um Compte, genau wéi och Molde FK aus Norwegen, déi sech beim BK Häcken aus Schweden 3:1 duerchgesat hunn.

Am Grupp A hunn et elo West Ham, déi 1:0 géint Olympiakos Piräus gewonnen hunn, a Freiburg déi kloer 5:0 géint d’Serbe vum TSC gewonnen hunn, selwer an der Hand. Béid hunn 9 Punkten um Compte, dohannert komme Piräus mat 4 an den TSC mat engem Punkt.

Déi komplett Resultater

All d’Tabellen

Back to Top
CIM LOGO