Australian OpenKyrgios trëfft no 5-Saz-Krimi an der 4. Ronn op den Nadal

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems hunn et den Dominic Thiem, den Daniil Medvedev an den Alexander Zverev an déi nächst Ronn gepackt.

Hären

E Samschdeg huet sech den Nick Kyrgios no 5 Sätz géint de Karen Khachanov aus Russland duerchgesat. An engem dramatesche Match huet sech den Australier mat 6:2, 7:6 (5), 6:7 (6), 6:7 (7) a 7:6 (8) behaapt a steet domat an der Aachtelsfinall, wou et géint d'Nummer 1 vun der Welt, de Rafael Nadal geet.

Den Dominic Thiem aus Éisträich huet géint den Taylor Fritz mat 6:2, 6:4, 6:7 (5) a 6:4 4 Sätz gebraucht, fir sech fir déi nächst Ronn ze qualifizéieren. An der Aachtelsfinall kënnt et domat zum Duell tëscht dem Éisträicher an dem Gael Monfils aus Frankräich.

An der nächster Ronn steet dann nach den Daniil Medvedev aus Russland, dee sech kloer mat 6:4, 6:3 a 6:2 géint den Alexei Popryn duerchsetze konnt. D'Nummer 4 vun der Welt trëfft an der Aachtelsfinall op de Stan Wawrinka aus der Schwäiz.

Den Alexander Zverev aus Däitschland huet net vill ubrenne gelooss an de Match géint de Fernando Verdasco mat 6:2, 6:2 a 6:4 fir sech entscheet. An der nächster Ronn spillt hie géint den Andrey Rublev aus Russland.

E Sonndeg geet et mat den éischten Aachtelsfinalle weider, wou ënnert anerem de Roger Federer an den Novak Djokovic am Asaz sinn.

Dammen

Bei den Dammen huet sech d'Nummer 6 vun der Welt géint d'Nummer 28 geschloe ginn. An 2 Sätz verléiert d'Belinda Bencic däitlech mat 0:6 an 1:6 géint d'Anett Kontaveit aus Estland.

Eng weider Iwwerraschung ass et fir d'Karolina Pliskova aus Tschechien ginn, déi als Nummer 2 vun der Welt géint d' Nummer 30 Anastasia Pavlyuchenkova aus Russland mat 6:7 (4) a 6:7 (3) verléiert.

D'Simona Halep aus Rumänien konnt sech mat 6:1 a 6:4 géint d'Yulia Putintseva behaapten an trëfft an der nächster Ronn op d'Elise Mertens aus der Belsch.

Och bei den Dammen geet et e Sonndeg scho mat den éischten Aachtelsfinalle weider, wou et ënnert anerem zum Duell tëscht der Nummer 1 vun der Welt, Ashleigh Barty aus Australien an dem Alison Riske aus den USA kënnt.

Back to Top
CIM LOGO