FuttballLaurent Jans huet ëmmer weider haart geschafft an u seng Chance gegleeft

Franky Hippert
De Laurent Jans kuckt elo weider vu Match zu Match a wëll sech an all Training druginn, fir d'Vertraue vu sengem Trainer geschenkt ze kréien.

De Laurent Jans gouf um 14.Spilldag an der Däitscher Futtball-Bundesliga vun der Fachzeitung Kicker an der beschter 11 vum Weekend zeréckbehalen. Eng Éier fir en FLF-Spiller déi schonn aussergewéinlech ass. Et ass awer och de Beweis, datt een no Réckschléi, weider haart soll schaffen, ëmmer u sech soll gleewen, an datt dann schonn de Moment kënnt, wou een seng Chance wäert kréien.

De Laurent Jans ass eréischt mat 23 Joer Profi ginn. Vum FF Norden ass et iwwer d’Fola bei Waasland Beveren gaang. No 3 staarke Saisonen an der Belsch koum dunn zejoert de Wiessel bei den FC Metz. Vum kloren Stammspiller bei Beveren, war et an der Ligue 2 beim Veräin aus der Lorraine just meeschtens d’Bänk. Am Summer gouf den 55-fachen Lëtzebuerger Nationalspiller op Paderborn an d'1. Däitsch Bundesliga ausgeléint. No engem Asaz am DFB-Pokal, huet de Rietsverdeedeger dunn awer och missten déi éischt 9 Bundesligamatcher vu baussen nokucken. No engem zweeten Optrëtt an DFB-Pokal an do enger staarker Leeschtung géint Leverkusen, krut de 27 Joer ale Jans den 1. November an der Paus vun der Partie géint Hoffenheim, d’Vertrauen vun sengem Trainer Steffen Baumgart geschenkt.

Déi lescht 5 Matcher krut hie vill Spillzäit, hien huet all Training sech wëllen opdrängen, och am Ufank wou hien nach net esou vill gespillt huet. De Laurent Jans ass am Moment ganz zefridden, hie kuckt awer lo net weider an Zukunft a kuckt just vu Match zu Match a mécht alles dofir fir datt den Trainer hien nees opstellt. Wann et e Samschdeg am Heemmatch géint deen aneren Opsteiger Union Berlin nees 3 Punkten ginn, ass Paderborn mam Laurent Jans op jiddwerfalls nees e Stéck méi no drun, fir vun den Ofstigsplazen fortzekommen. Sou wei de Kapitän vun de Roude Léiwen dru gegleeft huet, seng Asazminutten an der éischter Bundesliga ze kréien, esou gleeft een bei Paderborn och nach drun, dran ze bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO