Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLeandro Barreiro a Mainz verléieren zu Augsburg

RTL Lëtzebuerg
Am Nodrosmatch géint den FC Augsburg gouf et fir d'Mainzer eng 1:2-Defaite.
© AFP

E Mëttwoch den Owend huet sech Mainz missen am Nodrosmatch vum 26. Spilldag an der Bundesliga mat 1:2 géint Augsburg geschloe ginn. Trotz dem tëschenzäitlechen Ausgläich zum 1:1 an der Awiesslung vum Leandro Barreiro ronn zéng Minutte viru Schluss ass den 1. FSV Mainz um Enn ouni Punkten Heem gefuer. De Gouweleeuw an de Vargas hu mat hire Goler fir d’Augsburger Victoire gesuergt.

An Zypern huet sech iwwerdeems den Tim Hall eng Plaz an der Halleffinall vun der Coupe geséchert. Achnas konnt sech no der 1:0-Victoire aus dem Allersmatch géint Paralimni och am Retourmatch duerchsetzen a steet no engem 4:0 e Mëttwoch den Owend an der nächster Ronn. Den Tim Hall war dobäi fir 90 Minutten am Asaz.

Dënschdeg

An der 2. Bundesliga hat Erzgebirge Aue en Dënschdeg den Owend keng Chance beim HSV. Nodeems d’Gäscht an der Paus mat 0:2 hanne louchen, huet ee sech no 90 Minutte misse mat 0:4 geschloe ginn. Den Dirk Carlson huet de Match fir Aue duerchgespillt. Den Tim Kips war net am Kader. An der Tabell steet Aue op enger direkter Ofstgisplaz an huet e Réckstand vun 9 Punkten op Dresden, déi op der Relegatiounsplaz stinn.

Sonndeg

Um Sonndeg war den Anthony Moris an der Belsch géint de Standard vu Léck am Asaz. Fir seng Ekipp, den Tabellenéischten Royale Union SG, gouf et um Schluss eng 3:1-Victoire.

An der zweeter däitscher Bundesliga huet Sandhausen zu Bremen 1:1 gespillt. De Veräin vum Maurice Deville war mat 1:0 a Féierung gaangen, éier Bremen duerch den Duksch ausgläiche konnt. De Lëtzebuerger souz wärend 90 Minutten op der Bänk. Sandhausen bleift op der 15. Plaz an huet 3 Punkten Avance op d’Relegatiounsplaz.

De Marvin Martins stoung an der Startformatioun vun Austria Wien beim Heemmatch géint Klagenfurt. Wien war mat 0:1 a Réckstand geroden, um Schluss konnt d’Ekipp vum Lëtzebuerger awer nach 1:1 gläichspillen.

An der hollännescher Eredivisie haten de Laurent Jans an de Mika Pinto den SC Heerenveen op Besuch. Um Schluss stoung et 1:1. Sparta Rotterdam war duerch en Eelefmeter mat 1:0 a Féierung gaangen, Heerenveen konnt awer nach ausgläichen.
D’Lëtzebuerger souzen allebéid am Ufank op der Bänk, de Mika Pinto gouf fir déi zweet 45 Minutten agewiesselt.

An der Nuecht op e Sonndeg war New York City an der MLS am Asaz. De Maxime Chanot stoung bei der 1:2-Defaite zu Toronto net am Kader.

De Sebastien Thill huet mat Sheriff Tiraspol 3:0 zu Balti gewonnen a läit weider komfortabel op der éischter Plaz am Championnat.

An der däitscher Bundesliga war de Leandro Barreiro mat Mainz zu Mönchengladbach op Besuch. Hei gouf et en 1:1-Gläichspill. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet an der 40. Minutt déi Giel Kaart gesinn.

An der zweeter tierkescher Liga huet Eyüpspor mat de Lëtzebuerger Gerson Rodrigues an Olivier Thill mat 3:2 beim Tabelleleader Ankaragücü gewonnen. An déi zwee Lëtzebuerger Nationalspiller haten dann och e groussen Undeel dorunner. De Gerson Rodrigues huet den 1:0 selwer geschoss, den 2:0 virbereet an den Olivier Thill huet den 3:2 virbereet.

Samschdeg

Um Samschdeg huet den Tim Hall mat Achnas an Zypern eng wichteg Victoire gefeiert. Am Ofstigsgrupp stoung de Lëtzebuerger beim 1:0 géint Olympiakos Nikosia de ganze Match um Terrain. Achnas huet de Réckstand op eng Nët-Ofstigsplaz op 5 Punkte verkierzt.

A Griichenland souz de Vahid Selimovic beim 2:1-Succès vun OFI Kreat zu Lamia de ganze Match op der Bänk. Kreta ass Tabelleleader am Ofstigsgrupp.

Den Enes Mahmutovic stoung bei sengem neie Klub ZSKA Sofia a Bulgarien nach net am Kader. Seng Ekipp konnt sech awer mat 1:0 géint PFC Beroe behaapten.

Freideg

An der 2. Bundesliga sollt et fir den Dirk Carlson mat Erzgebirge Aue net duergoen, fir op d’mannst ee Punkt géint Ingolstadt matzehuelen, dat och, well si quasi de ganze Match an Ënnerzuel gespillt hunn, nodeem den Owusu wéinst enger Tätlechkeet no 7 Minutte Rout krut. Ingolstadt huet d’Iwwerzuel genotzt an ass duerch Schmidt (25') a Musliu (28') 2:0 a Féierung gaangen. Nom Säitewiessel huet de Jonjic (69') d’Auer erubruecht an den Gonther (89') esouguer den Ausgläich markéiert. Ma d’Defense ëm de Carlson, deen an der 74. Minutt agewiesselt gouf, konnt den 3:2 duerch de Poulsen net verhënneren.

An Dänemark stoung de Lëtzebuerger U21-Nationalspiller Farid Ikene an der Startopstellung vu Jammerbugt, déi awer däitlech géint Fremad Amager verluer hunn. Dobäi hate si kuerz no der Paus den 0:1-Réckstand vum Bonnesen (2') duerch e Gol vum Natami (50') ausgläiche kënnen, ma Bonnesen (64'), Marcussen (83') a Johansson (88') hunn dono den Deckel beim 4:1 drop gemaach.

An der 1. Bundesliga war et fir den 1. FC Köln eng 0:1 Néierlag géint den 1. FC Union Berlin. An der 49 Minutt huet den Taiwo Awoniyi den eenzege Gol vum Match geschoss. De Lëtzebuerger Mathias Olesen waart zwou Wochen no sengem Bundesliga-Debüt nach op säin zweeten Asaz beim 1. FC Köln. Bei der 0:1 Néierlag souz de Lëtzebuerger zwar op der Bank, gouf awer net agewiesselt.

Fir den Danel Sinani gouf et um Freideg an der englescher Championship mat Huddersfield eng 1:0-Victoire géint Hull City. Obwuel de Lëtzebuerger um Ufank vum Match op der Bank souz, gouf hien an der 74. agewiesselt a konnt sech um Feld mat senge Kolleegen iwwert hir Victoire freeën. Deen eenzege Gol koum vum Harry Toffolo an der 79. Minutt, nodeems den Danel Sinani him eng Chance erubruecht huet. An der englescher Championship ass Huddersfield aktuell Drëtten.

Back to Top
CIM LOGO