Fir d’Qualifikatioun fir den Natiounepräis zu Lëtzebuerg waren 13 Natiounen ageschriwwen, woubäi der allerdéngs just néng fir eng Plaz an der europäescher Halleffinall gekämpft hunn.
Mat Frankräich, der Belsch, Irland a Groussbritannien ware véier ganz staark Ekippen um Depart, a Lëtzebuerg huet sech mussen ënnert den Top5 klasséieren, fir an d’Halleffinall ze kommen. Dat ass der Lëtzebuerger Ekipp, déi aus de Gesëschter Victor, Charlotte a Basile Bettendorf an der Odile Gierech bestanen huet, awer leider net gelongen.
Um Enn hu just e puer Punkte fir d’Qualifikatioun gefeelt.