FrëndschaftslännermatchLëtzebuerg spillt no 2:5-Réckstand um Enn nach 5:5 géint d'Färöer Inselen

RTL Lëtzebuerg
D'Rout Léiwinnen hunn e Frëndschaftslännermatch am Stade Achille Hamerel um Verluerekascht géint Färöer Inselen gespillt.
© Tim Hensgen

En Vue vun der Virbereedung fir d’Nations League, déi am September ugeet, spillt Lëtzebuerger Dammen Nationalekipp bannent 4 Deeg gläich zwee Frëndschaftsmatcher géint d’Färöer Inselen. D’Lëtzebuergerinne leien aktuell an der Weltranglëscht op Positioun 118, de Géigner vun de Färöer Inselen op der 102.

D’Ekipp vum Trainer Dan Santos ass awer alles wéi gutt an de Match komm. D’Lëtzebuerger Damme goufe wuel direkt an der 3. Spillminutt kal erweecht (0:1 Sevdal). Et sollt awer net laang dauere bis d’Lëtzebuergerinnen direkt zwee mol zougeschloen hunn. Albert an der 5. Minutt an Thompson an der 7. Minutt hunn de Match zu Gonschte vu Lëtzebuerg konnten dréinen. D’Färöer Inselen hunn an der 41. Minutt de Match awer nees konnten ausgläichen, éier si an der 44. Spillminutt op e Neits konnten a Féierung goen. Mam 2:3 aus Lëtzebuerger Siicht ass et an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel hat Lëtzebuerg wuel gutt Chance de Match auszegläichen, si sollten de Ball awer net an de Filet kréien. Quasi am Géigenzuch ass dunn den 2:4 (52') gefall an nëmme 15 Minutte méi spéit den 2:5 (67'). Miller a Co. hu sech awer alles anescht wéi opginn, an hunn an der leschter Véierelsstonn et nach fäerdeg bruecht duerch Goler vum Thompson (77', 89') an Estevez (75') de Match nach auszegläichen. Domat geet e montere Match fir d’Spectateure mat 5:5 op e Enn.

E Samschdeg spillen d’Rout Léiwinnen hiren zweete Frëndschaftslännermatch géint Färöer Inselen. De Match gëtt um18h30 zu Housen ugepaff.

Back to Top
CIM LOGO