Internationale FuttballLeverkusen iwwerrennt ganz schwaach Frankfurter

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Freiburg an Düsseldorf gouf et och kee Gewënner, Chelsea ka sech iwwerdeems 3:0 behaapten.

An Däitschland stoungen um Sonndeg direkt dräi Partië fir de Kont vum 32. Spilldag um Programm.

Bundesliga

Schalke - Augsburg 0:0

An engem relativ ausgeglachene Match war et zu Gelsenkirchen kenger Ekipp gelongen, de Match fir sech ze entscheeden.

Déi éischt geféierlech Aktioun war an der 41. Minutt fir de Serdar, deen et aus dem Strofraum probéiert hat, ma säi Schoss war awer net vun Erfolleg gekréint.

Nom Säitewiessel war et an der 52. Minutt op een Neits de Serdar, deen den 1:0 um Fouss hat, ma och hei huet hie säi Meeschter um Kobel am Gol vun Augsburg fonnt. An och am weider verlaf vum Match war de Kobel ee séchere Réckhalt a konnt sengen Augsburger soumat ënnert dem Stréch ee Punkt festhalen.

Freiburg - Düsseldorf 1:1

No engem Foul am Strofraum koum et zu Freiburg ewell no 9 Minutten zu engem Eelefmeter fir d’Lokalekipp. De Grifo hat sech dës Chance net huele gelooss a konnt seng Faarwen esou fréi a Féierung bréngen. Duerno hat et bis zur 31. Minutt gedauert, éiert d’Gäscht op de Réckstand reagéiere konnten. De Kownacki konnt de Ball no engem Pass vum Stoger op 1:1 stellen.

Trotz enger optescher Iwwerleeënheet sollt et Düsseldorf awer bis zum Schluss net méi geléngen, d’Féierung ze markéieren, a sou konnt Freiburg een ënnert dem Strich gléckleche Punkt géint Düsseldorf feieren.

Leverkusen - Frankfurt 6:1

Zu Leverkusen kruten d’Supporter virun allem an der éischter Hallschent vill fir hiert Geld gebueden. Schonn no 2 Minutte war et dem Havertz gelongen, de Ball eng éischte Kéier am Filet ënnerbréngen. No 13 gespillte Minutte war et de Brandt, dee fir d’Werkself erhéije konnt. Ma Frankfurt konnt op dëse fréie Réckstand nach reagéieren. An der 14. Minutt konnt de Kostic de Ball mat sengem staarke lénke Fouss an de Gol schéissen. Duerno war Frankfurt, déi um Sonndeg hir schlechtste Leeschtung vun dëser Saison op den Terrain bruecht hat, awer zesummegebrach. An der 23. Minutt konnt den Alario op 3:1 erhéijen, éiert den Aranguiz nëmme 5 Minutte méi spéit esouguer nach een drop setze konnt. Den Alario konnt mat sengem zweete perséinleche Gol de 5:1 markéieren, an den Hinteregger huet dunn an der 36. Minutt duerch ee Selbstgol fir d’Entscheedung gesuergt, an dat ewell an der éischter Hallschent.

Nom Säitewiessel war de Match de verflaacht, dëst virun allem well Leverkusen e puer Gäng méi lues gemaach hat.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Chelsea - Watford 3:0

An der englescher Premier League konnt den FC Chelsea sech weider op der drëtter Plaz festsetzen a laanscht Tottenham zéien. Nodeems hinnen an der éischter Hallschent nach kee Gol gelonge war, sollt de Knuet nom Säitewiessel awer opgoen. An der 48. Minutt war et de jonke Loftus-Cheek, deen d’"Blues” a Féierung brénge konnt.

Nëmmen 3 Minutte méi spéit war et den David Luiz, deen op Corner vum Hazard op 2:0 erhéije konnt.

Fir d’Schlussresultat konnt den Higuain an der 75. Minutt suergen, a soumat wënnt Chelsea ënnert dem Stréch och relativ däitlech mat 3:0 géint Watford.

Huddersfield - Manchester United 1:1

Iwwerdeems kënnt Manchester United beim Tabelleleschten net iwwert een 1:1 eraus.

De McTominay konnt d’Red Devils an der 8. Minutt ewell an Avantage bréngen, ma dëse Gol sollt um Enn awer net duergoen.

An der 60. Minutt war dem Mbenza aus dem Näischt den iwwerraschenden 1:1 gelongen. No engem wäite Ball vum Lössl konnt de Stiermer vun Huddersfield de Chaos an der Defense vu ManU ausnotzen a soumat ee Punkt fir seng Faarwe sécheren.

Link: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Monaco - Saint-Etienne 2:3

A Frankräich ka sech Monaco net aus dem Tabelle-Keller befreien. No 18. Minutten hat et nach gutt fir Monaco ausgesinn, dëst well de Martins de Ball iwwert d’Linn drécke konnt.

Nom Säitewiessel waren et awer d’Gäscht, déi nom Selbstgol an der 59. Minutt vum Toure an der 71. Minutt esouguer a Féierung goe konnt, dëst duerch de Cabella. An der 80. Minutt konnt de Nordin op 3:1 erhéijen, a sou konnt de Carlos Vinicius an der Nospillzäit nëmme nach op 2:3 verkierzen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Serie A

Genua - AS Rom 1:1

An der italienescher Serie A verléiert den AS Roum den Uschloss un d’Plazen, déi fir d’Qualifikatioun fir d’Championsleague berechtegen. Et hat bis zur 82. Minutt gedauert, éiert den El Shaarawy d’Réimer a Féierung brénge konnt, ma säi Gol sollt um Enn awer net duergoen.
An der Nospillzäit war dem Romero den Ausgläich gelongen an an der 6. Minutt vun der Nospillzäit konnt Genua de Match nach bal dréinen, ma de Sanabria konnt vum Punkt net verwandelen. Soumat gouf et um Enn ee gléckleche Punkt fir d’AS Roum.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LaLiga

Real Madrid - Villareal 3:2

Trotz engem plus u Chancë war et zu Madrid bis zum Schluss spannend. De Mariano konnt no 2 Minutten ewell den 1:0 fir déi Kinneklech markéieren, ma d’Freet war just vu kuerzer Dauer. An der 11. Minutt konnt de Moreno fir Villareal markéieren.

Dem Vallejo war virun der Paus an der 40. Minutt erëm d’Féierung fir Madrid gelongen a nodeems de Mariano mat sengem zweete perséinleche Gol an der 49. Minutt op 3:1 stelle konnt, hat et gutt fir Real ausgesinn.

An der Nospillzäit konnt de Costa nach den Uschloss schéissen, ma um Enn sollt et awer net fir ee Punkt duergoen.
Soumat klappt Real Madrid Villareal mat 3:2.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO