Internationale FuttballLeverkusen nees un der Tabellespëtzt, kloer Victoire fir Liverpool

RTL Lëtzebuerg
Leverkusen huet sech mat 4:0 géint Union Berlin behaapt. Liverpool huet an England Brentford keng Chance gelooss.
De Mo Salah huet op en Neits e weidere Rekord fir d'Reds opgestallt.
De Mo Salah huet op en Neits e weidere Rekord fir d’Reds opgestallt.
© afp

Donieft gouf e geckege 4:4-Remis tëscht Chelsea a Manchester City.

An der Serie A gouf et eng batter Néierlag fir Neapel. Am Derby zu Roum ass kee Gol gefall.

A Spuenien huet de Lewandowski Barcelona 3 Punkte géint Alaves gerett.

Bundesliga

Leverkusen - Union Berlin 4:0
1:0 Grimaldo (23'), 2:0 Kossounou (57'), 3:0 Tah (73'), 4:0 Tella (84')

Mat enger klorer 4:0-Victoire géint Union Berlin huet sech Leverkusen nees un d’Spëtzt vun der Tabell an Däitschland gesat. D’Ekipp vum Xabi Alonso huet de ganze Match iwwer dominéiert a sech och an där Héicht verdéngt duerchgesat. Berlin waart dogéint säit 14 Matcher op eng Victoire an ass elo ganz um Wupp vun der Tabell.

Werder Bremen - Frankfurt 2:2
1:0 Duksch (45+1'), 2:0 Borré (50'), 2:1 Shkiri (65'), 2:2 Smolcic (75')

No 50 Minutten huet Bremen no der 2:0-Féierung wéi de séchere Gewënner vun der Partie ausgesinn. Frankfurt huet no enger schwaacher 1. Hallschent awer net opginn a koum nach emol op 2:2 erun. Fir béid Ekippen ass dee Remis ze wéineg. Bremen kënnt aus der ënneschter Regioun an der Tabell net eraus. Frankfurt verpasst de Sprong op déi international Plazen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Liverpool - Brentford 3:0
1:0 Salah (39'), 2:0 Salah (62'), 3:0 Jota (74')

Virum Topmatch géint Manchester City, deen um nächste Spilldag gespillt gëtt, huet sech Liverpool souverän mat 3:0 géint Brentford duerchgesat. D’Gäscht hate virum Match 3 Victoiren um Stéck gefeiert. Mann vum Match war de Salah, deen 2 Goler geschoss huet. Hien ass och den 1. Spiller vu Liverpool, deen an den éischte 6 Heemmatcher ëmmer mindestens ee Gol markéiert huet. De Jota huet an der 74. Minutt den Deckel op d’Partie gemaach.

Chelsea - Manchester City 4:4
0:1 Haaland (25', Eelefmeter), 1:1 Thiago Silva (29'), 2:1 Sterling (37'), 2:2 Akanji (45+1'), 2:3 Haaland (47'), 3:3 Jackson (67'), 3:4 Rodri (86'), 4:4 Palmer (90+5', Eelefmeter)

Op der Stamford Bridge hunn d’Spectateuren e geckege Match gesinn. D’Gäscht waren a Féierung gaangen, mee Chelsea konnt de Match nach virun der Paus dréinen. Den Akanji an de Haaland hunn d’Citizens awer nees vir bruecht. Op en Neits konnt d’Heemekipp reagéieren. Wéi de Rodri an der 86. Minutt de 4:3 fir Machnester City geschoss huet, hunn déi meescht mat enger Victoire vun de Gäscht gerechent. Chelsea konnt awer nach emol e Gol markéieren, esou datt de Match um Enn 4:4 ausgeet. No der Victoire vu Liverpool huet City just nach ee Punkt Avance op d’Reds, bleift awer Tabelleleader.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Neapel - Empoli 0:1
0:1 Kovalenko (90+1')

An der Lutte ëm den Titel an der Serie A huet den aktuelle Meeschter Neapel e Réckschlag missen astiechen. D’Heemekipp war och vun Ufank un dominant, vun der Mëtt vun der 1. Hallschent un huet Empoli awer gutt dogéint gehalen. Am 2. Duerchgang huet de Golkipp vun Empoli alles gehale wat et ze hale gouf. An der Nospillzäit hunn d’Gäscht dunn och nach den entscheedende Gol markéiert. Neapel huet elo schonn 8 Punkte Retard op Juventus. De Réckstand op Inter ka souguer op 10 Punkte wuessen, wann d’Mailänner am Owesmatch gewanne sollten.

Lazio Roum - AS Roum 0:0

Kee Gol a kee Gewënner gouf et am Réimer Derby. AS Roum hat liicht méi vum Match um Enn konnt d’Ekipp vum José Mourinho de Wee an de Filet net fannen. Fir béid Ekippen ass dee Punkt ze wéineg a si bleiwen an der Mëtt vun der Tabell stiechen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Barcelona - Alaves 2:1
0:1 Omorodion (1'), 1:1 Lewandowski (53'), 2:1 Lewandowski (78', Eelefmeter)

Barcelona ass ganz schlecht an de Match gestart a louch no 18 Sekonne schonns 0:1 hannen. Och duerno ass net vill zesumme gelaf an d’Heemekipp konnt frou sinn, datt Alaves just 1:0 vir war. An der 2. Hallschent huet de Lewandowski seng Klass gewisen an de Match mat 2 Goler nach gedréint. D’Heemekipp bleift an der Tabell op der 3. Plaz an um Real a Girona no drun.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO