Internationale FuttballLiverpool rett ee Punkt géint Luton

RTL Lëtzebuerg
Duerch e Gol zum 1:1 an der 5. Minutt vun der Nospillzäit verhënneren d'Reds eng Defaite géint den Opsteiger Luton.
© AFP

E Sonndeg stoungen am internationale Futtballchampionnat nees eng Rei Partien um Programm. An der Bundesliga verléiert Stuttgart beim Opsteiger Heidenheim, an England gëtt et fir Liverpool an der Nospillzäit ee Punkt géint Luton a Lyon bleift an der Ligue 1 weider op der leschter Tabelleplaz stoen. An Italien konnt iwwerdeems d’AS Roum an enger verréckter Nospillzäit en 0:1-Réckstand nach an eng Victoire dréinen.

Bundesliga

Wolfsburg - Bremen 2:2
0:1 Ducksch (7'), 1:1 Cerny (37'), 2:1 Paredes (59'), 2:2 Borré (65')

Bremen fiert mat engem Punkt aus Wolfsburg zréck Heem. No der fréier Féierung vum Ducksch an der 7. Minutt konnt de Cerny nach virun der Paus ausgläichen. Am zweeten Duerchgang konnten déi Bremer dann d’Féierung vun de Wolfsburger konteren. An engem Match op Aenhéicht bleift et um Enn bei engem gerechte Remis.

Heidenheim - Stuttgart 2:0
1:0 Schöppner (70'), 2:0 Kleindienst (90+4')

Déi a leschter Zäit formstaark Stuttgarter hunn e Sonndeg den Owend iwwerraschend zu Heidenheim de Kierzere gezunn. Ouni de verletzten Topscorer Guirassy ass et de Gäscht méi schwéier gefall offensiv konsequent ze sinn. No enger opreegender éischter Hallschent mat liichte Virdeeler fir Stuttgart gouf och no der Paus d’Chance op eng Féierung leie gelooss. De Silas huet säin Eelefmeter an der 57. Minutt net konnten am Gol ënnerbréngen. Heidenheim huet dovu profitéiert a séchert sech um Enn no de Goler vum Schöppener a Kleindienst déi dräi Punkten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Nottingham - Aston Villa 2:0
1:0 Aina (5'), 2:0 Mangala (47')

Luton - Liverpool 1:1
1:0 Chong (80'), 1:1 Diaz (90+5')

Opsteiger Luton huet déi grouss Sensatioun géint de groussen FC Liverpool nëmme knapp verpasst. Virun den eegene Spectateuren waren d’Reds iwwer laang Zäit spillbestëmmend, ma en immens staarke Kaminski am Gol vun den Haushären huet de Réckstand ëmmer nees verhënnert. Zéng Minutte viru Schluss huet den Chong da fir den 1:0 gesuergt. Dës Féierung sollt awer net ganz bis zum Schluss halen, wéi dem Luis Diaz an der 95. Minutt den Ausgläich gelongen ass.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

AS Roum - Lecce 2:1
0:1 Almqvist (71'), 1:1 Azmoun (90+1), 2:1 Lukaku (90+4')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Lyon - Metz 1:1

Lyon huet mat engem 1:1 géint Metz de véierte Punkt vun der Saison gesammelt. Eng laang Zäit huet keng Ekipp e Wee fonnt, de Ball am géigneresche Gol ënnerzebréngen. An der 77. Minutt war et dann de Jallow, deen den FC Metz a Féierung bruecht huet. Lyon huet awer Moral bewisen an duerch den Alvero op 1:1 ausgeglach, bleift duerch de Remis awer weiderhin op der leschter Tabelleplaz stoen.

Monaco - Brest 2:0
1:0 Zakaria (16'), 2:0 Golovin (69')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Valencia - Granada 1:0
1:0 Pepelu (45+7')

Villareal - Bilbao 2:3
0:1 de Galarreta (2'), 0:2 N. Williams (22'), 0:3 I. Williams (30'), 1:3 Gerard (86'), 2:3 Sörloth (87')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO