
Liverpool huet direkt vun Ufank u gewisen, wat si wollten. E fréie Gol an esou Barcelona méi ënner Drock ze setzen. Direkt an der éischter Minutt hate si eng kleng Chance, déi awer net ergaangen ass. Ma direkt an der 7. Minutt den den 1:0. De Mané fänkt e Ball vum Alba of a spillt dësen op den Henderson. Dee setzt sech géint 2 Verdeedeger duerch, ma bleift mat sengem Schoss aus kuerzer Distanz um Ter Stegen hänken. Den Origi, dee matgelaf war, stoung dunn awer perfekt. Him fält de Ball virun d’Féiss an hie kann aus 5 Meter de Ball iwwert d’Linn drécken.
Déi éischt 15 Minutten hu Liverpool, déi en intensive Pressing gemaach hunn gehéiert. Ma déi nächst beschte Chance hat Barcelona no 16 Minutten. De Messi koum no enger gudder Pass fräi virun de Gol, ma d’Nummer 10 vu Barcelona huet e Crochet ze vill gemaach an d’Defense konnt him de Ball nach esou just ofhuelen. Liverpool a Barcelona hate béid hir Chancen, ma d’Schëss waren net kadréiert genuch oder béid Golkipper waren op der Plaz.
Verschidde kleng Ënnerbriechungen a Behandlungen an engem intensiv gefouerte Match hunn da fir verschidde kleng Pause fir d’Spiller um Terrain gesuergt. Dat huet och dozou gefouert, datt 4 Minutten nogespillt gouf. An där Nospillzäit huet de Messi den Alba perfekt fräigespillt, ma den Defenseur vu Barcelona ass um Alisson hänke bliwwen. Mat där Zeen ass et dunn och an d’Paus gaangen.
No der Paus ass de Match nees esou weider gaangen, wéi en opgehalen hat. No engem Corner direkt eng Chance fir Liverpool, ma de van Dijk ass mat der Feescht aus kuerzer Distanz um Ter Stegen gescheitert. Direkt am Géigenzuch dann de Konter vu Barcelona, ma de Suarez koum net laanscht de Alisson. Et war dann déi 54. Minutt wéi de Wijnaldum den 2:0 fir Liverpool geschoss huet. Den Alexander-Arnold kann dem Rakitic op der rietser Säit de Ball ofhuelen e bréngt d’Flank perfekt fir de Wijnaldum eran, deen aus 11 Meter voll ofzéie konnt.
2 Minutte méi spéit, nees e Gol vum frësch agewiesselte Wijnaldum. No enger Flank vum Shaqiri dëst d’Kéier vu lénks kann hien de Ball mam Kapp an de Gol placéieren. Domadder hate si hire Réckstand aus dem Aller opgeholl an haten elo erëm d’Chance, nach an d’Finall ze kommen.
Barcelona huet sech awer séier konnte fänken an hat duerch de Messi no 66 Minutten eng Chance, déi awer net ergaangen ass. Si haten direkt e puer Chancen, ma markéiere konnte si keng. Dogéint dann awer eng ganz clever Aktioun vum Alexander Arnold, dee bei engem Corner gesinn huet, datt d’Defense vu Barcelona nach schléift an hien huet de Ball séier a flaach erabruecht, dat op den Origi, dee quasi ganz eleng virum Ter Stegen konnt ofzéien.
Barcelona war elo no dësem Gol an der 79. Minutt geschockt an huet ëm déi 10 Minutte gebraucht, fir nees an de Match ze fannen. Ma Liverpool stoung gutt hannen an huet net méi vill zougelooss. D’Arbitter hunn dunn op 5 extra Minutten entscheet, esou datt Barcelona nach d’Chance hat, deen 1 Gol, deen hinne fir d’Weiderkomme géif duergoen, ze schéissen. Ma et gouf keng richteg Chance méi fir Barcelona, dat och, well Liverpool sech ëmmer nees Fräistéiss erausgeholl huet.
Domadder gewënnt Liverpool no engem haart ëmkämpfte Match 4:0, 4:3 gekuckt op déi 2 Matcher. Dat awer och, well Barcelona näischt aus hire ville Chance konnt maachen, déi si an dësem Match haten.