
Am europäesche Futtball goufen an Italien eng Rei Matcher ofgesot, ënnert anerem Juventus Turin géint Inter Mailand.
An Däitschland ass de Ball wéi gewinnt gerullt. Mam Leandro Barreiro an dem Laurent Jans stounge sech fir d’éischte Kéier an engem Match zwee Lëtzebuerger géigeniwwer.
Watford - Liverpool 3:0
1:0 Sarr (54'), 2:0 Sarr (60'), 3:0 Deeney (72')
An England gouf et um Samschdeg eng Iwwerraschung. Den FC Liverpool huet um 28. Spilldag seng éischte Néierlag an dëser Saison missen astiechen, an dat géint een Ofstigskandidat.
Liverpool hat wuel ee Plus u Ballbesëtz, ma si waren um Enn awer net entscheedend genuch am Ofschloss.
An der 54. Minutt konnt de Sarr Watford iwwerraschend a Féierung bréngen. Dee selwechte Sarr war et och, deen no enger Stonn erhéije konnt, a soumat Watford eng gutt Ausgankssituatioun erbruecht hat.
Nodeems den Deeney an der 72. Minutt fir d’Entscheedung suerge konnt, war déi éischte Néierlag fir d’Ekipp vum Jürgen Klopp fest.
Lazio Rom - Bologna 2:0
1:0 Alberto (18'), 2:0 Correa (21')
Trotz de villen Ofsoen am italienesche Championnat gouf zu Roum Futtball gespillt. An enger ausgeglachener Partie waren et dräi Minutten, déi de Match zu Gonschte vun der Lokalekipp entscheet hunn.
No enger Pass vum Immobile konnt de Luis Alberto mat engem stramme Schoss d’Féierung markéieren. Nëmmen 3 Minutte méi spéit konnt de Correa op 2:0 erhéijen a soumat de Match entscheeden.
An der 53. Minutt konnt den Denswil de Ball fir Bologna iwwert d’Linn drécken, ma de Gol gouf awer wéinst engem Handspill zeréckgepaff.
Domat wënnt Lazio mat 2:0 an zitt bis op Weideres laanscht Juventus a steet elo un der Spëtzt.
PSG - Dijon 4:0
1:0 Sarabia (3'), 2:0 Mbappé (74'), 3:0 Icardi (76'), 4:0 Mbappé (90'+1)
An der franséischer Ligue 1 konnt de Favorit aus der Haaptstad fréi a Féierung goen. No nëmmen 3 Minutte war et de Sarabia, dee markéiere konnt. Duerno war de PSG wuel déi iwwerleeën Ekipp, ma si hu sech awer schwéier gedoen.
Et hat bis zur 76. Minutt gedauert, éier den Mbappé seng Faarwen erléise konnt. Nëmmen 2 Minutte méi spéit war et den Icardi, dee fir d’Entscheedung gesuergt hat, um Enn war et op en Neits den Mbappé, deen de Schlusspunkt markéiert hat.
Amiens - Metz0:1
0:1 Boulaya (26')
De Resumé vum Match fannt Dir bei eise Kolleege vum 5minutes.