
Op europäeschem Plang stoungen e Mëttwoch den Owend eng Partie Matcher um Programm. A Frankräich an an England war Coupe an an Italien a Spuenien ee reguläre Spilldag am Championnat.
Liverpool - Arsenal (5:5) 10:9 n.E.
Eng komplett geckeg Partie hunn d’Spectateuren op der Anfield Road mat erlieft: 5 Goler an der 1. a 5 Goler an der 2. Hallschecht! Den 1. Duerchgang goung mat 3:2 un d’Gäscht vum Arsenal. Zwar huet de Mustafi d’Red fréi an der 6. Minutt duerch ee Selbstgol an den Avantage bruecht, d’Äntwert vun de Gunners koum awer direkt, no de Goler vum Torreira an zweemol Martinelli. Liverpool konnt kuerz virum Téi nach duerch een Eelefter vum Millner op 2:3 verkierzen.
An och den 2. Duerchgang hat et a sech. De Maitland-Niles huet d’Féierung vum Veräin aus London kuerz no der Paus op 4:2 geschrauft. Ma kuerz Zäit drop war et den Ex-Gunner Oxlade-Chamberlain, dee fir d’Reds op en Neits verkierze konnt. D’Partie ausgelach huet schliisslech den Origi. De belschen Nationalspiller huet an der 62. Minutte de 4:5 an an der 4. Minutt vun der Nospillzäit tatsächlech nach de 5:5 markéiert.
Am League Cup gëtt et keng Verlängerung an dofir goung et direkt an d’Eelefmeterschéissen. Hei hunn dem Arsenal-Spiller Daniel Ceballos d’Nerve versot an domat war d’Sensatioun vu Liverpool perfekt.
Chelsea - Manchester United 1:2
0:1 Rashford (25'), 1:1 Batshuayi (61'), 1:2 Rashford (73')
E Krack manner spektakulär goung et an der 2. duerchaus vun den Nimm hir interessanter Partie zur Saach. Et war déi englesch Vedette Rashford, déi d’Red Devils no 25 Minutten an den Avantage brénge konnt. Kuerz no der Stonn huet de belschen Nationalspiller Batshuayi ausgeglach. Ma de Rashford konnt awer eng weider Kéier fir seng Faarwen treffen an d’Victoire fir ManUnited domat zementéieren.
Juventus Turin - Genua 2:1
1:0 Bonucci (36'), 1:1 Kouamé (40'), 2:1 Ronaldo (90')
Eng Partie mat insgesamt dräi roude Kaarten ass um Enn zu Gonschte vun der Juve op en Enn gaangen. D’Bianconeri si knapp 10 Minutte virum Téi duerch den Ofwierspiller Bonucci a Féierung gaangen, kruten awer net kuerz drop den 1:1 kasséiert. An der 2. Hallschecht war et keen anere wéi den CR7, dee mat engem Eelefter fir déi 3 Punkte fir Juventus gesuergt huet.
Neapel - Atalanta Bergamo 2:2
1:0 Maksimovic (16'), 1:1 Freuler (41'), 71 Milik (71'), 2:2 Ilicic (86')
Am Duell tëscht den zwee Veräiner, déi dës Saison an der Champions League spillen, ass keen als Gewënner vum Terrain gaangen. No den éischte 45 Minutte stoung et 1:1 gläich an och an der 2. Hallschecht konnte béid Ekippen nach eng Kéier treffen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Real Madrid - CD Leganés 5:0
1:0 Rodrygo (7'), 2:0 Kroos (8'), 3:0 Ramos (24'), 4:0 Benzema (69'), 5:0 Jovic (90'+1)
Déi Kinneklech konnten um Mëttwochowend ee Punkt un den Tabelleleader vu Barcelona erukommen. De Real hat bei der 4:0-Victoire géint Leganés keng gréisser Schwieregkeeten.
FC Valencia - FC Sevilla 1:1
0:1 Ocampos (45'+3), 1:1 Sobrino (81')
Den FC Sevilla, de Géigner vum F91 Diddeleng an der Gruppephas vun der Europa League, huet seng 1:0-Féierung aus den éischte 45 Minutte verspillt a krut knapp 10 Minutte viru Schluss den Ausgläich kasséiert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
FC Metz - Stade Brest (1:1) 4:5 n.E.
1:0 Niane (23'), 1:1 Cardona (57')
Metz war no den éischte 45 Minutten mat 1:0 am Avantage. An der 2. Hallschecht huet de Stade Brest awer ausgeglach. No 90 Minutte goung et an d’Eelefmeterschéissen, dat um Enn d’Gäscht fir sech konnten entscheeden.
AS Monaco - Olympique de Marseille 2:1
1:0 Augustin (25'), 2:0 Aguilar 40'), 2:1 Lecomte - Selbstgol (77')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1