Par Rapport zu deenen zwee Rendezvouse virun engem Mount goufen et 3 Changementer.
25 Spiller huet den Nationaltrainer fir d’Matcher géint Bosnien-Herzegowina selektionéiert, well de Laurent Jans an de Vincent Thill an der éischter Partie géint Bosnien-Herzegowina giel gespaart wäerte feelen. Net mat dobäi ass den Yvandro Borges, deen no senger Blessur awer nees um Wee vun der Besserung ass. Och den Eldin Dzogovic ass wéinst enger Blessur net mat dobäi. Den Aiman Dardari wäert bei der U19 zum Asaz kommen, déi sech eventuell nees fir eng EM ka qualifizéieren.
Zeréck am Kader ass no senger Blessur de Florian Bohnert. Ma och den David Jonathans an Edvin Muratovic sinn Deel vum Kader.
Onbemierkt sinn dem Nationaltrainer och net déi 9 Goler an 10 Matcher vum Benny Bresch fir Marisca Miersch bliwwen.
Donieft hat d’Federatioun och Kontakt mam Dany Mota. De 25 Joer jonke Stiermer vum AC Monza gouf zu Nidderkuer gebuer, wollt bis dato awer nach net fir Lëtzebuerg spillen. Hie wier awer eventuell eng Optioun fir de Play-Off-Match an der Nations League am Mäerz.
No der 0:1-Defaite virun engem Mount géint d’Slowakei, huet ee mëttlerweil 5 Punkte Retard op déi zweete Plaz. Trotzdeem gleeft ee bei der FLF-Formatioun nach bis zum Schluss drun, sech fir d’Europameeschterschaft kënnen ze qualifizéieren. Wann net iwwer d’EM-Qualifikatioun, dann eventuell iwwert d’Nations-League-Playoffs.
Lass geet et fir d’Rout Léiwen de 16. November mam Heemmatch géint Bosnien-Herzegowina, ier een dann 3 Deeg drop auswäerts a Liechtenstein spillt.
Den Heemmatch am Stade de Luxembourg géint Bosnien-Herzegowina ass komplett ausverkaaft.
Opgrond vun de Rumeuren vu leschter Woch stoung awer och d’Zukunft vum Nationaltrainer am Mëttelpunkt. D’Braunschweiger Zeitung hat den Nationaltrainer d’lescht Woch bei Eintracht Braunschweig an d’Gespréich bruecht. Dësen Trainerposten gouf mëttlerweil awer besat. Dem Nationaltrainer säi Kontrakt leeft trotzdeem Enn des Jores aus. Ofgemaach ass, datt ee sech direkt no de Lännermatcher zesummesëtzt.
