Internationale FuttballMainz a Leipzig spille gläich, kee Gewënner am Turin-Derby

RTL Lëtzebuerg
An England konnt Everton gewannen, a Spuenien iwwerrascht Leganes Sevilla an a Frankräich gouf et kee Gewënner tëscht Stroossbuerg a Marseille.
© AFP

Bundesliga

Et war e bëssen de Match vum Timo Werner, deen als éischt den 1:0 (20') an den 2:0 (32'), déi béid e Klostermann geschoss huet, virbereet huet an dono nach selwer an der 49. Minutt no Virlag vum Forsberg markéiere konnt. Den Onisiwo hat fir Mainz nach virun der Paus (43') den Tëschenzäitlechen 2:1 markéiert. Ma och nom 3:1 huet Mainz sech net opginn. Den Niakhate huet an der 67. Minutt seng Ekipp nees op 1 Gol bäibruecht an den Mateta huet an der 83. Minutt den 3:3 geschoss. Bei deem Resultat ass et dunn och bliwwen. Leipzig huet d’Champions League Plaz sécher, kéint awer de BVB nach theoretesch iwwerhuelen. Mainz huet näischt méi mam Ofstig ze dinn, ka sech awer och net méi fir eng europäesch Kompetitioun qualifizéieren.

Serie A

Juventus ass Champion an ass dowéinst aktuell net méi wierklech an Italien gefuerdert. Et war dann och Torino, déi besser an de Match koumen an no 18 Minutten 1:0 a Féierung konnte goen. Keen anere wéi de Cristiano Ronald huet dunn an der 85. Minutt awer mam Kapp den Ausgläich markéiert. Et war de leschte Gol vun dësem Match. Torino kämpft aktuell ëm d’Qualifikatioun fir dat internationaalt Geschäft. Si hunn als aktuelle 6. nach d’Chance op d’Champions League, kéinten awer och als 7. sech mol net fir d’Europa League qualifizéieren.

Premier League

Ganzer 3 Minutten huet Everton gebraucht, fir sech géint Burnley duerchzesetzen. De Mee huet an der 17. Minutt de Ball an den eegene Gol geschoss an de Coleman huet an der 20. Minutt op 2:0 erhéicht.

Ligue 1

© AFP

Keng Goler an den éischte 45 Minutten tëscht Stroossbuerg a Marseille, dofir awer direkt nom Säitewiessel (47') den 1:0 fir d’Gäscht duerch de Germain. An der 65. Minutt huet de Lala dunn ausgeglach, esou datt d’Punkten an dësem Match gedeelt goufen. Marseille huet domadder elo 4 Punkten Réckstand an e Match méi op St. Etienne, déi op der Europa League Plaz stinn. Stroossbuerg steet am gesécherte Mëttelfeld.

LaLiga

Eng kleng Iwwerraschung ass Leganes dann auswäerts géint Sevilla gelongen. Eng 3:0 Victoire duerch Goler vun En Nesyri (8'), Braithwaite (20') an Oscar (82') léist déi kleng Hoffnung op eng europäesch Qualifikatioun um Liewen. Sevilla huet duerch d’Néierlag elo e méi schlecht Golverhältnis wéi Getafe a steet dowéinst aktuell net op enger Champions League Plaz.

Back to Top
CIM LOGO